Taxe sur la valeur ajoutée

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Taxe sur la valeur ajoutée, besser bekannt ënner dem Kierzel TVA, ass eng indirekt Steier, déi um Verbrauch vu Wueren an Déngschtleeschtungen opgehuewe gëtt.

Zu Lëtzebuerg ass déi gesetzlech Grondlag d'Gesetz vum 12. Februar 1979, mat sengen Ännerungen dono.[1]

Et gëtt véier verschidden Tauxen (a Klameren d'Héicht zënter dem 1.1.2015):[2]

  • den normalen Taux (17 %)
  • en Taux intermédiaire (14 %) op Wäin ënner 13%, Wäschmëttel, asw.
  • de reduzéierten Taux (8 %) op Stroum a Gas, Fënsterbotzen, asw.
  • de superreduzéierten Taux (3 %) op Liewensmëttel, Kannergezei, Bicher, asw.

Bannent der EU gëtt et Minimal- a Maximaltauxen, op déi sech d'Memberstaaten eens goufen, mä do dertëscht kann all Staat selwer festleeën, wéi héich d'TVA soll sinn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Loi du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée." Mémorial A n° vum 19.02.1979.
  2. "Taux applicables" um Site vum Enregistrement; aed.lu.