Taxi

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Typeschen Taxi vu London (Austin FX4)

En Taxi ass en Individualverkéiersmëttel (an der Regel en Auto) mat engem Chauffer, dee Passagéier, géint Bezuelen, dohi féiert, wuer se wëllen. Et erkennt ee se un enger Opschrëft oder engem Schëld um Daach ("Taxi"), oder un enger bestëmmter Faarf. Taxië si meeschtens Limousinen oder Kombien. Taxië mat méi wéi fënnef Sëtzplaze gi "Groussraumtaxi" genannt.

De Begrëff "Taxi" kënnt vun deene fréier an de Fiakeren zur Präisbestëmmung gebrauchten Apparaten, déi "Taxameter" genannt gi sinn. D'Kuerzbezeechnung fir dës Moossapparater goung an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert op de Fiaker selwer iwwer.

En Taxi kann ee bestellen - z. B. iwwer Telefon, bei engem Taxisstand opsichen oder op der Strooss unhalen. De Präis riicht sech entweder no der Distanz an der Zäit, déi gebraucht gëtt; e kann awer och als Forfait virun der Rees festgeluecht ginn.

Gewéinlech muss een eng Lizenz hunn, fir en Taxisbetrib kënnen z'exploitéieren.

D'Taxiswiesen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Eng Rei mat Taxien virun der Gare zu Esch-Uelzecht

Zu Lëtzebuerg gouf et 2009 162 Firmen, déi Taxi- an Ambulanzdéngschter ugebueden hunn, dovu waren der 118 just am Taxiwiesen aktiv.[1] 2008 hunn an deem Secteur 900 Leit geschafft.[2] Dem Statec no louch den Ëmsaz vum Lëtzebuerger Taxissecteur 2007 bei 23,5 Milliounen Euro.[3] Gréisste Firma ass Colux, mat ronn engem Fënneftel vum Ëmsaz, wéi och vun de Salariéen; zwou weider, eng dovu Benelux Taxis, hunn zesummen 18% vum Marché, wéi och vum Personal.[4] Vill Firmen am Taxiwiesen sinn 1-Mann-Betriber: 36% vun den Taxisentreprisen hu keen ee Salarié, d. h. de Chauffer ass gläichzäiteg Patron vu senger Firma.[5]

E Chauffer vun engem lëtzebuergeschen Taxi muss e Führerschäi vun der Kategorie B hunn, bei deem entweder d'Stagezäit eriwwer ass, wann de Chauffer zu Lëtzebuerg wunnt, oder eng Period vun zwee Joer, wann de Chauffer am Ausland wunnt.

Zanter Juli 2012 gëtt et zu Lëtzebuerg alternativ zu deene konventionellen Taxi-Entreprisen nei Taxi-Systemer, de Webtaxi an de YellowCab.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Taxis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Donnéeën: Rôle artisanal, Chambre des métiers. Zit. n. Lëtzebuerger Land (LL) Nr 36, 10. September 2010, S.11.
  2. LL, wéi uewen
  3. Zit. n. LL, wéi uewen.
  4. eng UBS-Etüd, zit. an engem Earnst & Young-Rapport vun 2009 fir den Transportministère; zit. n. LL, wéi uewen.
  5. LL, wéi uewen.