Taxus vun Éileng

Vu Wikipedia
Taxus vun Éileng
Den Taxus vun Éileng, ëm 1915
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Reckeng op der Mess
Plaz Éileng
Bamaart Franséische Pällem
Status zerstéiert oder ofgerappt
Héicht 15 m (1931)
Duerchmiesser 1,08 m (1964)
Ëmfang 3,40 m (1964)
Zerstéiert 13. November 1964


Den Taxus vun Éileng war e Joerhonnerten ale Bam, dee bis an den November 1964 zu Éileng an der Gemeng Reckeng op der Mess stoung an deemools ëmgehae gouf, well en un der „Wurzelfäule“ ((fr) pourriture de souche) gelidden huet. Botanesch gesinn huet et sech ëm e Franséische Pällem (Taxus baccata, (de)Gemeine Eibe, (fr) if commun oder if à baies) gehandelt.

Eng gutt gemengt Campagne[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1958 hat d'Société des naturalistes luxembourgeois ënner dem Impuls vun hirem deemolege President Marcel Heuertz eng Campagne fir de Schutz vum Bam gestart, déi als konkreet Resultat d'Opriichte vun enger Clôture am Laf vum Joer 1959 hat. Si sollt de Bam virun de Kéi, déi an der Wiss waren, wou hie stoung, schützen.[1]

Ëmfang an Alter[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1873 huet de Jos Koltz den Ëmfang vum Bam mat 2,52 m uginn a säin Alter op 675 Joer geschat. Den Ernest Faber (1893) an den Edmond Klein (1897) ginn en Alter vun 800 Joer un. 1907 kënnt den Ernest Faber esouguer op 1.000 Joer. Fir hien a fir den E. J. Klein bestoung keen Zweiwel, datt dee Bam den eelsten aus dem Land wier.

1958 hat de Bam en Ëmfang vu 5,30 m iwwer dem Buedem a vun 3,38 m op enger Héicht vun 1,30 m. 1964 war den Ëmfang 3,40 m op der Héicht vun 1,30 m. 1962 hat de Bam fir d'lescht geblitt.

De Marcel Heuertz an den Alphonse Eichhorn waren 1958 no engem Sondage op en Alter vu 400 bis 500 Joer komm. A well de Bam huel war, wéi en 1964 ëmgehae gouf, konnt de geneeën Alter och dunn net festgestallt ginn. De Paul Modert huet en deemools op e Minimum vun 220 an e Maximum vun 300 Joer geschat. A béiden Hypotheese si mer wäit vun den dausend Joer ewech, déi fréier alt emol ugeholl gi waren. Et bleift awer, datt den Taxus vun Éileng laang Zäit ee vun de bemierkenswäertste Beem vu Lëtzebuerg war.

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier Moossen (m) a geschaten Alter vum Bam
Joer Alter Quell
1873 2,52 0,00 0,00 675 Koltz
1893 / 1897 800 Faber, Klein
1907 1.000 Faber
1915 2,60 0,83 20,00 Gesellschaft Luxemburger Naturfreunde[2]
1931 3,00 0,95 15,00 Société des naturalistes luxembourgeois[3]
1958 3,38[4] 400-500 Heuertz, Eichhorn
1964 3,40[4] 220-300 Modert

= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Taxus vun Éileng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 2015, S. 155s.; Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 108. [1]
  2. (de)Abb. 11. – Taxus von Ehlingen. Umf. 2.60 m.. Festschrift zur Feier des 25jährigen Bestehens 1890-1915, 9 (25). S. 363. (15.06.1915). Gekuckt de(n) 21.03.2024.
  3. (fr)L’if séculaire d’Ehlange. Excursion du 3 mai 1931. Monats-Berichte = Bulletins mensuels Société des naturalistes luxembourgeois, 25 (41). Jg., nº 7, S. 101. (28.07.1931). Gekuckt de(n) 21.03.2024.
  4. 4,0 4,1 op enger Héicht vun 1,30 m