Teófilo Stevenson
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Teófilo Stevenson Lawrence, gebuer den 29. Mäerz 1952 a gestuerwen den 11. Juni 2012 zu La Habana, war e kubaneschen Amateurboxer. Hien ass ee vun den dräi Boxer déi dräimol op enger Olympiad eng Goldmedail kruten. Déi aner Zwéi sinn de László Papp an de Félix Savón.