Teide Observatoire
Den Observatorio del Teide (Teide-Observatoire) ass en Observatoire um Bierg Izaña, op enger Héicht vu 2400 Meter iwwert dem Mier, op der Insel Teneriffa, no deem hien och Observatorio de Izaña genannt gëtt. E gehéiert zum Instituto de Astrofísica de Canarias (IAC), a mécht zesumme mam Roque de los Muchachos Observatoire d'European Northern Observatory.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Am Joer 1964 gouf den Observatoire offiziell opgemaach. Dat éischt Teleskop war den Heliógrafo Razdow, deen haut net méi a Betrib ass. Duerch déi vergréissert Awunnerschaft vun Teneriffa hunn d'Bedingunge fir d'Himmelsfuerschung déi owens gemaach ginn staark ofgeholl. Dofir huet sech den Teide-Observatoire op d'Sonnenobservatioun spezialiséiert, déi 24 Stonnen deeglech kooperativ mat aneren Observatoire bedriwwe gëtt.
Teleskopen [änneren]
Sonnenteleskopen a Sonnelaboratoire [änneren]
- Vakuumtuermteleskop (VTT): Haaptsächlech fir d'Observatioun vun der Sonnenatmosphär agesat. Den Duerchmiesser vum Haaptspigel huet 70 cm. Kiepenheuer-Institut fir Sonnephysik, Freiburg (1989).
- THEMIS: E Sonnenteleskop, dat haaptsächlech fir d'Observatioun vun de Sonnemagnéitfelder gebaut gouf. De Projet baséiert op enger Zesummenaarbecht vu Frankräich an Italien.
- Sonnenteleskop GREGOR: En neit Sonnenteleskop mat 1,5 Meter Haaptspigel. Kooperatioun vun KIS, MPS an AIP.
- ChroTel: Robotescht Teleskop mat 10 cm Ëffnung fir d'Observatioun vun der ganzer Sonnescheif, installéiert um VTT.
Nuetsteleskopen [änneren]
- Carlos Sánchez (TCS): 1,55 Meter Haaptspigel, 1972 vu Groussbritannien opgebaut, zënter 1982 IAC, fir Infraroutobservatiounen optiméiert.
- Mons: 50 Zentimeter Haaptspigel, Universitéit Mons, 1972.
- IAC-80: 80 Zentimeter Haaptspigel, IAC, 1991.
- OGS: Optical Groundstation, 1 m Haaptspigel, ESA, 1998, fir visuell Satellittekommunikatioun a fir optesch Observatioun vu Weltraumschrott.
- STARE: 10 Zentimeter Haaptspigel, High Altitude Observatory, 2001, Sich no extrasolare Planéiten.
- Bradford robotescht Teleskop.
- STELLA robotescht Duebelteleskop: 2 x 1,2 Meter Haaptspigel, Astrophysikalescht Institut Potsdam, 2006.
- SLOOH: robotescht Teleskop vun Slooh USA, 2004.
Anisotropie vun der kosmescher Hannergrondstralung [änneren]
- VSA (Very Small Array). Radiointerferometer
- COSMOSOMAS, Studium kosmologescher Strukturen, 1998
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Observatorio del Teide – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (es) (en) offiziell Websäit vum Observatorio del Teide
- IAC
- Themis
- Gregor
- ChroTel
- Stare
- Bradford
- Stella
- Aarbechtsgrupp kosmesch Hannergrondstralung um IAC