Telefonskabinn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Telefonskabinn ass en eppes iwwer maanshéicht klengt Kabaischen, dat meeschtens am ëffentleche Raum steet, an an deem en Telefon installéiert ass.
D'Kabaischen (dacks aus Glas, oder op d'mannst mat Fënsteren) déngt dozou, den Telefon (an de Gebraucher) viru Reen a Kaméidi ze schützen. Den Telefonsapparat an enger Kabinn fonctionnéiert meeschtens (ausser fir Noutriff), mat Mënzen oder am viraus kaaften Telefonskaarten. Et kann een sech och do uruffe loossen.
Zënter der allgemenger Verbreedung vum Handy ginn d'Telefonskabinne méi rar, well et ëmmer manner Leit ginn, déi drop zeréckgräifen.
An Europa schreiwe Gesetzer vir, op wéi vill Awunner eng ëffentlech Telefonskabinn muss kommen.