Telefonsnummeren zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

D'Telefonsnummeren zu Lëtzebuerg gebrauchen en zouene System, an deem all d'Nummeren ënner deerselwechter Form gewielt ginn, ouni regional Extra-0. Den internationalen Telefonsprefix (Lännercode) ass +352, an d'Accèssequenz fir international Nummeren ass 00.

Handysnummeren[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 1. September 2006 bestinn all d'Handysnummeren aus engem Netzwierkcode aus dräi Zifferen am Format 6x1 (virdrun 0x1), mat hannendru sechs einfachen Zifferen. All Handysnummer huet eng equivalent Voicemailboxnummer mam Code 6x8. D'Netzwierkcoden (déi awer zesumme mat der Nummer portabel sinn an en anert Netzwierk) sinn déi heiten:

Festnetznummeren[änneren | Quelltext änneren]

Zanter Mee 2000 bestinn all nei Festnetznummeren aus 8 Zifferen. Si fänke mat 24, 26, 27 oder 28 un. Duerno kënnt wéi fréier ëmmer nach e lokalen Identifiant (reng symbolesch) vun zwou Zifferen (mä et kann een elo seng Nummer mathuelen op iergendwellech aner Plaz), a schlussendlech déi eigentlech Nummer mat zwou bis véier weideren Zifferen.

Alen oppene Festnetzsystem
Lokalen Identifiant Plaz
20
21 Wäicherdang
22 Stad Lëtzebuerg
23 Munneref/Nidderkäerjeng/Näerden/Réimech
24
25 Stad Lëtzebuerg
26
27
28 Stad Lëtzebuerg
29 Stad Lëtzebuerg/Kockelscheier
30 Kapellen/Kielen
31 Bartreng/Mamer/Mënsbech/Stroossen
32 Lëntgen/Miersch/Stengefort
33 Walfer
34 Rammeldang/Sennengerbierg
35 Sandweiler/Mutfert/Rued-Sir
36 Hesper/Kockelscheier/Réiser
37 Leideleng/Éileng/Monnerech
38
39 Wandhaff/Stengefort
40 Houwald
41
42 Kierchberg
43 Findel/Kierchberg
44
45
46
47 Lëntgen
48 Conter/Féiz
49 Houwald
50 Kënzeg/Nidderkäerjeng/Péiteng/Rodange
51 Diddeleng/Beetebuerg/Léiweng
52 Diddeleng
53 Esch-Uelzecht
54 Esch-Uelzecht
55 Esch-Uelzecht/Monnerech
56 Rëmeleng
57 Esch-Uelzecht/Schëffleng
58 Zolwer/Déifferdeng
59 Zolwer
67 Diddeleng
70
71 Betzder
72 Iechternach
73 Rouspert
74 Waasserbëlleg
75 Gréiwemaacher
76 Wuermer
77
78 Jonglënster
79 Bäerdref/Konsdref
80 Dikrech
81 Ettelbréck/Reckeng op der Mess
82
83 Veianen
84
85 Biissen/Rouscht
86
87 Fiels
88 Mäerzeg/Wal
89
90
91
92 Klierf/Fëschbech/Housen
93
94
95 Wolz
96
97 Huldang
98
99 Ëlwen

Telefonsnummerportéierung (Mathuele vun der Telefonsnummer)[änneren | Quelltext änneren]

D'Telefonsnummerportéierung funktionéiert nom Prinzip ACQ (All-Call-Query), bei dem all d'Telefonsnummeren zu Lëtzebuerg an enger zentraler Datebank gespäichert sinn. Dobäi gehéiert zu all Telefonsnummer och d'Informatioun, bei wat fir engem Provider den Telefon ënner där Telefonsnummer erreechbar ass. All Provider mécht bei sech a reegelméissegen Zäitofstänn e Backup vun dëser Datebank, mat där ee feststelle kann, a wat fir e Providernetz een en Telefonat fir eng bestëmmt Telefonsnummer leede soll.

Beispill:
Wann e Client (mir nennen e Pol) mat der selwechter Telefonsnummer bei en anere Provider wiesselt, z. B. vun der POST bei Tango mat der Telefonsnummer “12345678”, gëtt an der zentraler Datebank einfach d'Informatioun hannerlooss, datt d'Telefonsnummer “12345678” vun elo u bei Tango z'erreechen ass. Vun dem Ament vun der Portéierung un, hunn d'Providere wärend der sougenannter “Uruffëmlenkzäit” 60 Deeg fir e Backup vun der Datebank ze maachen. Wärend dëser “Uruffëmlenkzäit” muss den ale Provider vum Pol (d'POST) Uriff um Pol seng Nummer automatesch um Pol säin neie Provider weiderleeden, wann nach net alleguer d'Provideren e Backup gemaach hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]