Telekonverter
| Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Telekonverter ass e Lënsesystem fir Fotoobjektiver, deen dozou déngt, d'Brennwäit vun engem Objektiv ze vergréisseren.
Inhaltsverzeechnes |
Stäerkten [änneren]
Telekonverter gëtt et tëscht 1,4 a 3 Mol Vergréisserung. Déi Zuele ginn un, wéivill Mol d'Brennwäit duerch de Konverter méi grouss gëtt. Mat engem 2x-Konverter léisst sech esou e 50 mm Objektiv op 100 mm "vergréisseren".
Telekonvertere bei Spigelreflex-Apparater [änneren]
Bei Spigelreflex-Fotoapparater gëtt den Telekonverter tëscht de Boitier an d'Objektiv geschrauft.
Telekonvertere bei Fotoapparater mat fest agebauten Objektiver [änneren]
A deem Fall léisst sech de Liichtstralegank net änneren, nodeems en d'Objektiv passéiert huet. Dofir gëtt et Lënsesystemer, déi virum Objektiv ugemaach ginn, sief et duerch e Klameresystem oder, bei méi deieren, duerch e Bajonettgewënn, wéi bei der Canon PowerShot G7, dat et erlaabt, déi Zousazlëns riicht ze halen.