Telescopio Nazionale Galileo
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Telescopio Nazionale Galileo am Joer 2001
Den Telescopio Nazionale Galileo (TNG) ass en astronomeschen Teleskop mat 3,58 m Spigelduerchmiesser um Roque de los Muchachos Observatoire op der Kanarescher Insel La Palma. Den Teleskop gläicht dem New Technology Telescope am Europäesche Südobservatoire op La Silla. Vun deem ass den Entworf ofgeleet ginn. Zënter 1998 gëtt mat dem TNG observéiert an e gëtt vun der Fundación Galileo Galilei - INAF, Fundación Canaria fir dat italienescht nationaalt Institut fir Astrophysik INAF bedriwwen.
Observatiounsinstrumenter sinn (Stand 2012):
- Dolores: Kamera a Spektrograph fir den optesche Spektralberäich
- Nics: Kamera a Spektrograph fir dat not Infrarout 0.9-2.5 μm
- Sarg: héichopléisende Spektrograph (R~29000-164000) fir den optesche Spektralberäich 300-900 nm
- HARPS-N: héichopléisende Spektrograph (R~115000) fir den optesche Spektralberäich 383 bis 693 nm. Wéi säi Schwësterinstrument HARPS op La Silla-Observatoire ass HARPS-N fir d'Sich no Exoplanéiten optiméiert.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) Websäit
Koordinaten: NS=28.753999|EW=-17.889055