Teller
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Teller ass e flaacht, meeschtens ronnt Iessgeschir, op deem d'Iessen an individuelle Portiounen zervéiert gëtt, fir giess ze ginn.
Tellere si gewéinlech aus Keramik oder Parzeläin, se kënnen awer och aus Glas, Konschtstoff, Zënn, méi seelen aus Holz oder Steen sinn.
Tellere ginn et a verschiddene Gréissten, fir déi verschidde Plate vun engem Menü: Entréesteller, Zoppenteller, Teller fir den Haaptplat, Dessertsteller, ...
Méi siele ginn Telleren och als Dekoratioun un d'Mauer gehaangen; an deem Fall schwätzt ee vun engem Wandteller.
| Commons: Plates – Biller, Videoen oder Audiodateien |