Tereus

Vu Wikipedia

Den Thereus war e Kinnek vun Thrakien, Jong vum Ares, Mann vum Prokne, enger Duechter vum Pandion.

Wéi den Tereus a leidenschftlecher Léift zum Prokne senger Schwëster Philomele entbrannt ass a si vergewaltegt hat, huet en hir d'Zong erausgeschnidde fir datt si hien net verrode sollt. Et ass der Philomene awer gelongen d'Onrecht wat hir geschitt war op engem Stéck Stoft duerzestellen an hirer Schwëster zouzespillen. D'Prokne huet sech awer un hirem Mann gerächt andeems se hire gemeinsame Jong Itys, (och: Itylos) ëmbruecht a sengem Papp z'iesse ginn huet. Well den Thereus d'Dod awer duerchkuckt hat, huet en déi zwou Schwëstere verfollegt, déi virun him geflücht sinn. D'griichesch Seeche seet awer datt déi dräi herno a Vulle verwandelt gi sinn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Philomela and Procne – Biller, Videoen oder Audiodateien