Terminal Aerodrome Forecast

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Weather template.png Dëse Meteorologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Terminal Aerodrome Forecast (TAF) ass eng standardiséiert Meldung fir d'Wiederprevisioune vun engem Fluchhafen. D'TAF enthält wéi de METAR aktuell Informatiounen iwwer d'Temperatur, de Wand, d'Wolleken, Siichtwäit a Loftdrock an d'Wiederentwécklung am Gëltegkeetszäitraum.

Si gëtt all 3 Stonnen erstallt an huet eng Gëltegeet vun 9 (Short-TAF) bzw. 24 Stonnen (Long-TAF). Eng amendéiert TAF (TAF AMD) gëtt erausginn, wann déi aktuell TAF net méi dat aktuellt Wieder oder d'Wiederprevisioun representéiert.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Generell Syntax

TAF - ICAO-Code vum Fluchhafen - Dag an Zeit (UTC) vun der Meldung - Gëltegkeetszeitraum - Wandrichtung a -vitesse - Landebunnsiichtwäit - Bewölkung - Wiederprévisioun am Gëltegkeetszeitraum

[änneren] Opbau vun enger TAF-Meldung

Dëst Beispill ass eng TAF-Meldung vum Findel no de WMO-Richtlinnen, an ass erstallt ginn de 17. Oktober 2007 ëm 14 Auer UTC:

TAF ELLX 171400Z 171524 29012KT 7000 BKN005 BKN020 BECMG 2022 33010KT 9999 SCT007 BKN012 TEMPO 2224 5000 -SHRA=

  • TAF weist un datt dëst eng standariséiert TAF-Meldung ass
  • ELLX ass den ICAO-Code vum Fluchhafe Lëtzebuerg
  • 171400Z weist den Datum an d'Zäit wéini datt den TAF erstallt gouf. An dësem Beispill de 17. vum Mount um 14:00 Auer UTC
  • 171524 weist de Gëltegkeetszäitraum un. An dësem Beispill de 17. vum Mount vun 15 Auer UTC bis 24 Auer UTC
  • 29012KT weist d'Wandrichtung (290 Grad oder Westnordwest) an d'Wandvitesse (12 Kniet oder 22 km/h)
  • BKN005 BKN020 weist d'Bewëlkung. An dësem Beispill ass den Himmel 5-7 Aachtel bedeckt op enger Héicht vu 500 Fouss bis 2000 Fouss iwwert dem Gronn
  • BECMG 2022 33010KT 9999 SCT007 BKN012 bedeit datt de Wand tëschent 20 Auer UTC an 22 Auer UTC aus Nordwest mat 10 Kniet oder 18 km/h, Siichtwäit iwwer 10 km wäert sinn an den Himmel op enger Héicht vu 700 Fouss 3-4 Aachtel an op enger Héicht vun 1200 Fouss 5-7 Aachtel bedeckt wäert sinn
  • TEMPO 2224 5000 -SHRA bedeit datt et temporär tëschent 22 Auer UTC an 24 Auer UTC d'Siichtwäit 5 km wäert sinn an et zu liichte Reenschauere kënnt
  • = bedeit datt den TAF zu Enn ass

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen