Terrestresch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Terrestresch ginn déi Methode, Virgäng, Daten, Systemer, Instrumenter, Organismen oder Objete genannt, déi
- sech op de Planéit Äerd bezéien (terrestresch = ierdesch) oder
- sech op der Äerd befannen resp. do stattfannen (terrestresch = äerdgebonnen) oder
- zu der Landfläch vun der Äerd resp. zu Anwennungen oder Prozesser gehéieren, déi sech op dem Land (a net an der Luut oder um Waasser) ofspillen (terrestresch = landgestëtzt).
[änneren] Beispiller
- terrestresch = ierdesch
- Terrestresch Koordinate- a Bezuchssystemer (am Géigesaz zu astronomesche Systemer);
- planetar a global Eegeschaften déi zu der Äerd gehéieren (z.B.: Schwéierfeld, Magnetismus …), geologesch Virgäng souwéi entspriechend Miessdate;
- ierdesch Verhältnesser am Vergläich oder a Bezéieung zu der Sonn, zum Äerdmound, zu anere Planéite asw.
- terrestresch = äerdgebonnen
- äerdgebonnene Observatoire, Miessinstrumenter oder Methode am Géigesaz zu anerer, déi am Loftraum oder Universum agesat ginn (z. B. satellitengestëtzte Methode);
- terrestresch = landgestëtzt
- landgestëtzte Verkéiersmëttel, Waffesystemer asw.
- Déiere, Planzen an aner Organismen souwéi geologesch Oflagerungsräim op dem Land – am Géigesaz zu deenen am Waasser (aquatil, aquatesch), also z.B. am Ozean (marin) oder am Bannegewässer (limnesch, fluviatil);
- bei Planzen gi nëmmen Arte als terrestresch ugesinn, déi direkt am Äerdbuedem wuerzelen a net op Gesteng oder annere Planze asw. wuessen.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Wiktionnaire: terrestrisch – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen |