Territoire de Belfort

Vu Wikipedia
Territoire de Belfort (90)
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Prefecture Belfort
Ënnerprefecture keng
Bevëlkerung 142 461 Aw.(2009)
Fläch 609 km²
Arrondissementer 1
Kantonen 15
Gemengen 102

Den Territoire de Belfort (90) ass e franséischt Departement, an der Regioun Bourgogne-Franche-Comté.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Territoire de Belfort ass 1871 aus dem Traité vu Frankfurt ervirgaangen, mat deem de Franséisch-Preisesche Krich vun 1870 op en Enn bruecht gouf. Dat Däitscht Keeserräich huet deemgeméiss den "däitsch"-sproochegen Deel vun Elsass-Loutrengen kritt plus déi romanesch Festungsstad Metz, Frankräich huet de frankophonen Deel vu Loutrengen (Welsch-Loutrengen) an de südwestleche Wutz vum elsässeschen Haut-Rhin, ronderëm d'Stad Belfort behalen, deen domat vum Rescht vum Elsass getrennt gouf.

1922 gouf dat Gebitt zum 90. franséischen Departement gemaach.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Departementsgebai vu Belfort

Den Territoire de Belfort ass en Deel vun der Bourgogne-Franche-Comté. E grenzt un d'Departementer Doubs, Haute-Saône, Vosges an Haut-Rhin, an de Schwäizer Kanton Jura. Et ass no Paräis an den Departementer ronderëm d'Haaptstad (Hauts-de-Seine, Seine-Saint-Denis a Val-de-Marne) dat klengst Departement.

Belfort läit an enger Zort niddregem Col, tëscht de Flossbasenge vum Rhäin a vum Rhône.

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Awunner ginn op Franséisch Belfortain(e)s genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Le Territoire de Belfort par V.-A. Malte-Brun aux Éditions du Bastion 1882 réédité en 1982.
  • Le Patrimoine de Communes du Territoire de Belfort aux Éditions Flohic 1999.
  • Belfort et son Territoire par J. Liblin aux Éditions de la Tour Gile 1877 réédité en 2000.
  • Géographie du Territoire de Belfort par G. Schouler et P. Filbert 1979.
  • Vauban et ses successeurs dans le Territoire de Belfort édité par l'Association Vauban 1992
  • Histoire de Belfort, des origines à nos jours par Y. Baradel... aux Éditions Horvath 1985
  • Belfort autrefois 1871-1914 par André Larger, Ed. Horvath 1987


Commons: Territoire de Belfort – Biller, Videoen oder Audiodateien