Terry Gilliam
Den Terence Vance Gilliam, gebuer den 22. November 1940 zu Medicine Lake, Minnesota, ass e britesche Filmregisseur, Schauspiller an Animatiounsfilmmécher vun amerikaneschen Originnen. Hie war ee vun de Membere vun der Monty Python Grupp.
No der High school huet hie fir d'éischt Physik, duerno Konscht a schlussendlech Politikwëssenschaft studéiert. Hien huet un der Uniszeitung Fang matgeschafft a gouf fir ee Joer hire Chefredakter. Hie war deemools staark vum Humor vum Mad magazine beaflosst, deen deemools vum Harvey Kurtzman erausgi gouf. No der Uni huet de Gilliam kuerz bei enger Publicitéitsagence geschafft, duerno an der Zäitschrëft Help!.
Inhaltsverzeechnes |
Als Zeechner [änneren]
Den Terry Gilliam huet seng Carrière als Zeechentrickfilm- a Comiczeechner ugefaangen. Hien ass an England geplënnert, wou e fir d'Tëleesserie Do Not Adjust Your Set geschafft huet, a wou en déi spéider Monty-Python-Memberen Eric Idle, Terry Jones, a Michael Palin kennegeléiert huet. Hie war dann och bei der Grënnung vum Monty Python's Flying Circus derbäi.
Als Regisseur [änneren]
Dem Gilliam säin Intressi huet sech ëmmer méi zum Dréibuchschreiwen an zu der Filmregie hin entwéckelt.
Filmer ënnert senger Regie [änneren]
- Monty Python and the Holy Grail (zesumme mam Terry Jones) (1975)
- Jabberwocky (1977)
- Time Bandits (1981)
- The Crimson Permanent Assurance (1983) — Eng Zort Virfilm zum Monty Python's The Meaning of Life
- Brazil (1985)
- The Adventures of Baron Munchausen (1988)
- The Fisher King (1991)
- Twelve Monkeys (1995)
- Fear and Loathing in Las Vegas (1998)
- The Brothers Grimm (2005)
- Tideland (2006)
- The Imaginarium of Doctor Parnassus (2010)
Säi Versuch, dem Miguel de Cervantes säin Don Quijote mam Jean Rochefort an der Haaptroll ze verfilmen, ass näischt ginn: De Rochefort hat et mat de Bandscheiwen a konnt onméiglech op engem Päerd sëtzen, an e Stuerm mat Donnerwieder hat den hallwe Filmset zerstéiert. De Film ass ni fäerdeg ginn; et gëtt awer en "Non-making of" mam Titel Lost In La Mancha.
Soss [änneren]
2002 huet de Gilliam d'Regie fir eng Rëtsch Reklamme fir Nike gefouert. Hie war och 2006 Regisseur vun der Theatershow "Slava's Diabolo", vum russesche Clown Slava Polunin.
Bibliographie [änneren]
- Gilliam, Terry and Christie, Ian (Ed.) (1999). Gilliam On Gilliam. Faber & Faber. ISBN 0-571-19190-8
- From Fringe to Flying Circus - 'Celebrating a Unique Generation of Comedy 1960-1980' - Roger Wilmut, Eyre Methuen Ltd, 1980.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Terry Gilliam – Biller, Videoen oder Audiodateien |