Terzan 5

Vu Wikipedia
Terzan 5
Kugelstärekoup
Foto, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Sagittarius (Sgr)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 17h 48m 04.85s
Deklinatioun - 24° 46' 44.6"[1]
Ausgesinn
Visuell Magnitude +13,85[2] mag
Wénkelduerchmiesser 9,8'[2]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Mëllechstrooss
Distanz (Lj) (19000 ± 1600)[1]
Routverrécklung -(314 ± 50)  10-6
Radialvitess (-85 ± 10)[1]
Metallizitéit -0,2 / +0,3
Alter 12 Mrd. / 6 Mrd.[1]
Geschicht
Entdecker Terzan Agop
Entdeckungsdatum 1968
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
1745-247
ESO 520-27
GCl 76.1

Den Terzan 5 ass e Kugelstärekoup am Stärebild Sagittarius, deen ufanks als 10,3 kpc (ca. 33.600 Lj) vun der Äerd an 2,4kpc vum galakteschen Zentrum ewech, ugeholl gouf. Miessunge vun 1996, 2007 an 2009 weisen awer datt e méi no bei eisem Sonnesystem ass. Aktuell Schätzunge ginn vun enger Distanz vun (5,9 ± 0,5) kpc ((19000 ± 1600) Lj) vun der Äerd aus. Den Terzan 5 gëtt awer weider zum Bulge vun eiser Galaxis gerechent.

De Koup am Joer 1968 vum Terzan Agop op Fotoplacke vum Observatoire de Haute-Provence a Südfrankräich entdeckt, woubäi den Terzan spéider aus Versinn de selwechte Koup nees nei "entdeckt" hat an an der Originalpublikatioun vun 1971 als Terzan 5 an 11 publizéiert hat.

Am Géigesaz zu de meeschte Kugelstärekéip, déi nëmmen aus enger Stärepopulatioun bestinn, entstoung Terzan 5 an zwéi Stéiss. Eng Populatioun entstoung virun 12 Milliarde Joer, an eng méi jonk viru 6 Milliarde Joer. E vergläichbaren Opbau war bis dohin nëmme vum Omega Centauri bekannt.

D'Ënnersich vum VLT weisen, datt den Terzan 5 méi eng grouss Mass huet, wéi ufanks ugeholl.

Am Terzan 5 goufen op d'mannst 20 Pulsaren entdeckt, dorënner de Millisekonnepulsar PSR J1748-2446ad dee bis elo als dee Pulsar bekannt ass deen am séierste rotéiert.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 The cluster Terzan 5 as a remnant of a primordial building block of the Galactic bulge, Verëffentlecht 11/2009, englesch (PDF; 1,8 MB)
  2. 2,0 2,1 Students for the Exploration and Development of Space
  3. Hitting the Pulsar Jackpot in Terzan 5 with the GBT, Verffentlëcht 12/2004, englesch