Tessy Scholtes

Vu Wikipedia
Tessy Scholtes
Gebuer 1. Juni 1981
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Karateka
Positioun oder
Spezialitéit
Kumite
Partei CSV

D'Tessy Scholtes, gebuer den 1. Juni 1981 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sportsprofessesch a fréier lëtzebuergesch Karateka an Deputéiert (CSV).

Si war 2002 Lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Si huet bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 am Bezierk Zentrum op der Lëscht vun der CSV kandidéiert, gouf awer net direkt gewielt. Den 3. Mee 2011 ass si an d'Chamber 'nogerëtscht' op d'Plaz vum Mill Majerus, dee bei engem Accident leie bliwwe war.[1]. Bei de virgezunnene Chamberwale vum Oktober 2013 gouf si net erëmgewielt.

Palmarès am Karate[änneren | Quelltext änneren]

Medailen Datum Klass Kategorie Kompetitioun Stad
Sëlwermedail Mee 2001 Kumite eenzel open Seniors Europameeschterschaft 2001 Sofia
Bulgarien
Sëlwermedail August 2001 Kumite eenzel iwwer 60 kg Seniors Weltspiller 2001 Akita
Japan
Goldmedail Februar 2002 Kumite eenzel iwwer 60 kg Juniors Europameeschterschaft 2002
(Juniors a Cadets)
Koblenz
Däitschland
Bronzemedail Mee 2002 Kumite eenzel iwwer 60 kg Seniors Europameeschterschaft 2002 Tallinn
Estland
Sëlwermedail November 2002 Kumite eenzel open Seniors Weltmeeschterschaft 2002 Madrid
Spuenien
Bronzemedail Mee 2003 Kumite eenzel iwwer 60 kg Seniors Europameeschterschaft 2003 Bremen
Däitschland
Virdrun   Sportlerin vum Joer   Duerno
Ni Xia Lian 2002 Claudine Schaul


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Chamber: Tessy Scholtes hëlt Mandat als CSV-Deputéiert un" RTL.lu, 29.04.2011, 11:43 - Fir d'lescht aktualiséiert: 29.04.2011, 11:50.