Théodore Bassing
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Théodore Bassing, gebuer de 5. Januar 1867 zu Veianen, a gestuerwen de 17. Dezember 1926 an der Stad Lëtzebuerg, war e Veiner Lokalhistoriker a Schrëftsteller. Hie koum aus enger italienescher Famill mam Numm Pasino, déi sech ufanks vum 19. Joerhonnert zu Veianen établéiert hat.
De Bassing, deen a senger Heemechtstad Veianen vun 1891 bis 1926 Gemengesekretär war, huet sech säi Liewe laang mat der Geschicht vum Ourdall beschäftegt, a vill doriwwer publizéiert.
1976 hunn déi "Veiner Geschichtsfrënn" him e Monument direkt bei der Our opriichte gelooss, an der Strooss, déi no him genannt ass: rue Théodore-Bassing.
Inhaltsverzeechnes |
Seng Publikatiounen [änneren]
- Bassing, Theodor, 1899. Beitrag zur Geschichte des Schlosses und der Herrschaft Falkenstein, in Ons Hémecht 5
- Bassing, Theodor, 1900. Die Männer- und Jünglingscongregation genannt Marianische Sodalität unter dem Titel: Himmelfahrt Mariä. 21 S., P. Worré-Mertens, Luxembourg.
- Bassing, Theodor, 1904. Sagen und Legenden der Stadt Vianden und ihrer nächsten Umgebung. 76 S., J. Schroell, Diekirch.
- Bassing, Theodor, 1914. Geschichte der Kommende, Komturei oder Kommanderie der kirchlich-militärischen Ritter-Orden der Tempelherren und Johanniter zu Roth bei Vianden. 46 S., Fr. Bourg-Bourger, Luxemburg.
Literatur [änneren]
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. [Théodore Bassing: S. 37]