Théodore Géricault
Den Théodore Géricault gebuer de 26. September 1791 zu Rouen a gestuerwen de 26. Januar 1824 zu Paräis ass e franséische Moler.
De Géricault mécht seng Léier an den Ateliere vum Pierre Guérin a Carle Vernet (wou en deem säi Bouf, den Horace, kenneléiert). De 5. Februar 1811 geet en op d'École des Beaux-Arts zu Paräis. No engem Echec beim Concours vum Grousse Präis vu Roum decidéiert en, an Italien ze reesen well hie staark vun de Renaissance–Molere beandrockt war, besonnesch vum Michelangelo, mee awer och vum Flammänner Rubens.
Am Ufank vu senger Carrière ënnerscheet hie sech vun de neoklassesche Moler aus der Schoul vum David. E moolt haaptsächlech Themen aus dem Alldag. Als ee Spezialist fir d'mënschlecht Leiden duerzestellen gëtt hie séier een Haaptmoler vum Romantissem.
De Géricault ass zu Paräis um Kierfecht Père-Lachaise begruewen an eng bronze Statue steet op sengem Graf.
[änneren] Molereien
-
L'Aliéné (1822)
[änneren] Sculpturen
- Cheval écorché
- Cheval arrêté par un homme
- Nymphe et Satyre
- Bœuf terrassé par un tigre
- Nègre brutalisant une femme
- Statue équestre de l'Empereur Alexandre
- Lion au repos
- Cavalier Antique
- Ecorché
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Théodore Géricault – Biller, Videoen oder Audiodateien |