Théodore Pescatore (1871-1931)

Vu Wikipedia
Théodore Pescatore
Gebuer 14. Juni 1871
Gestuerwen 10. Oktober 1931
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Papp Dominique-Antoine Pescatore
Mamm Anne Pescatore
Geschwëster Françoise Pescatore
Auto-Mixte 1906 um Salon de l'automobile zu Paräis

Den Théodore Pescatore, gebuer de 14. Juni 1871 an der Stad Lëtzebuerg als Jong vum Dominique-Antoine Pescatore an der Anne Feltz, a gestuerwen den 10. Oktober 1931 zu Boufer[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Entreprener.

Hie war Grënner vun der Société anonyme L'Auto-Mixte zu Herstal, déi tëscht 1904 an 1913, nom Patent vum belschen Erfinder Henri Pieper déi éischt Hybridautoen a -camione gebaut huet, déi mat Pëtrol an Elektresch ugedriwwe goufen. De Stroum koum vun Akkumulatoren, déi am Henri Tudor senger Fabrick zu Manchester produzéiert goufen. D'Fabrick ass vu senge Schweeër dem Antoine, Théodore a Paul Pescatore, gefouert ginn.

Déi Autoen hunn um Salon de l'automobile am Januar 1906 grouss Beuechtung fonnt. Mä well d'Firma net genuch Kapital unzéie konnt, an d'Gefierer net deen erhoffte Succès kannt hunn, war et 1913 eriwwer mat Auto-Mixte.

Duerno huet den Théodore Pescatore zu Boufer an der Ieweschter Millen (Münstermühle) e mechaneschen Atelier gegrënnt.

Tëscht 1921 an 1930 war hie Buergermeeschter vu Luerenzweiler.

Den Théodore Pescatore war mat der Béatrice de Villegas bestuet.[2] Hire Jong, den Théo Pescatore (4.10.1912 - 30.12.1999) war och Entreprener.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Bedeur: Auto-Mixte Pescatore. Voitures et camions pétroléo-électriques, système Henri Pieper. Herstal 1905 -1913. Éditions Vieux Temps, 2006, ISBN 2-930289-15-5

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Théodore Pescatore am Luxemburger Wort vum 12. Oktober 1931
  2. Avis Mort. 10 Page 7. In: Luxemburger Wort, 1931, nº 285 (12.10.1931), S. 7.