Théophraste Renaudot

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps bookcase.png Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Statu vum Renaudot zu Loudun

Den Théophraste Renaudot (* 1586 zu Loudun am haitegen Departement Vienne), † 25. Oktober 1653 zu Paräis) gëllt als Grënner vum moderne Journalismus.

Hie gouf schonns mat 19 Joer Doctor Medicinae, a méi spéit de perséinlechen Dokter vum Kinnek Louis XIII.

1612 huet hien zu Paräis en Annoncebureau opgemat. Seng Meritten an der Publicitéit an an der franséischer Press berouen op sengen zwou Kreatiounen, dem Bureau d'adresses (1630) an der Wochenzeitung La Gazette (30. Mee 1631), déi en ugaangs just erausbruecht huet, fir doranner seng Aarbechtsannoncen ze publizéieren. Duerno sinn awer nach Nouvellen derbäi komm.

No him gouf de Prix Renaudot benannt, e franséische Literaturpräis.

Commons: Théophraste Renaudot – Biller, Videoen oder Audiodateien