The Gambling Badgers

Vu Wikipedia
The Gambling Badgers
D'Gambling Badgers beim Rock um Knuedler 2012
Museksgenre Pop-Rock, Alternative Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2010
Trennung 2014
Websäit Facebook
Memberen Dennis Nnganyadi (Gesank)
Tom Fielitz (Gittar)
Christian Melmer (Rhythmusgittar)
David Pena (Bassgittar)
Patrick "Paddy" Mergen (Batterie)


The Gambling Badgers war eng lëtzebuergesch Alternative Rock a Pop-Rock-Band.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf am September 2010 gegrënnt. Éier se hiren aktuellen Numm ugeholl huet, hu si The Gamblers geheescht.[1]

2011 hunn d'Gambling Badgers mam Lidd Dance déi éischt Editioun vum Brand Your Band Contest an domat e professionelle Marketing gewonnen.[2]

De Video zum Lidd ass mam Regisseur Pol Winandy um Scheierhaff bei Kanech gedréint ginn.[3]

2012 si se beim Food For Your Senses a beim Rock um Knuedler opgetrueden.

Am Januar 2014 huet et d'Radiosingle Business as Usual an d'Top 10 vum Eldoradio Chartbreaker gepackt.[4] Am selwechte Mount huet d'Band an engem Facebookpost annoncéiert, dat se sech géif trennen.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013: Kings

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: Dance
  • 2013: Kings
  • 2013: Business as Usual

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wort.lu: And the winner is... (9. Mee 2011; gekuckt den 28. Dezember 2012)
  2. Télécran 05/2012, S. 125
  3. pwinandy.blogspot.com (16. August 2011; gekuckt den 29. Dezember 2012)
  4. Message op Facebook den 12. Januar um 10:39