The Birds (Film)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Informatiounen

The Birds original poster.jpg

Film
Originaltitel: The Birds
Produktiounsland: USA
Première: 1963
Dauer: 115 Minutten
Originalsprooch: Englesch
Equipe
Regie: Alfred Hitchcock
Dréibuch: Evan Hunter, no der Kuerzgeschicht
The Birds vum Daphne du Maurier
Fotografie: Robert Burks
Format: Faarweg
Musek: Bernard Herrmann
Oskar Sala
Produzent: Alfred Hitchcock,
fir Shamley Productions
Haaptacteuren: Tippi Hedren als Melanie Daniels
Rod Taylor als Mitchell ("Mitch") Brenner
Jessica Tandy als Lydia Brenner
Suzanne Pleshette als Annie Hayworth
Veronica Cartwright als Cathy Brenner
Ethel Griffies als Ornithologin
Filmportal - Filmer no Joren
Film no Länner - Film no Genre

The Birds ass e Spillfilm vum Alfred Hitchcock aus dem Joer 1963, deen op enger Kuerzgeschicht mam selwechten Numm vun der englescher Schrëftstellerin Daphne du Maurier vun 1952 baséiert. De Film gëllt als Klassiker vun den Horrorfilmer a war no North by Northwest (1959) a Psycho (1960) nach een Héichpunkt am Hitchcock sengem Spéitwierk.

Wourëms geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Dat attraktivt Melanie Daniels, eng verwinnt Millinoärsduechter, fiert op Bodega Bay fir dem Affekot Mitch Brenner, deen et kuerz virdrun zoufälleg kenne geléiert hat, eng Koppel Villecher ze bréngen, déi e fir seng kleng Schwëster wollt kafen. Si komme sech awer net direkt méi no, well am Dierfche sinn och dem Mitch seng jalous Mamm a seng Ex, eng Léierin. An da sinn do nach Tëschefäll mat Méiwen, Kréien a Fénken, déi ëmmer méi bedreelech ginn, an déi a regelrecht Attacken op d'Leit ausaarten...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Am Film sinn eng 400 Astellungen, wou mat deene verschiddensten Tricktechnike geschafft gouf, wéi Matte Painting, Réckprojektioun, Yellowscreen oder Rotoskopie, dacks a Kombinatioun mateneen, dobäi koume Vijelattrappen an dresséiert, echt Villecher.

Et gëtt keng Filmmusek am klassesche Sënn, ma eng Tounkuliss mat elektronesche Vijelkläng, déi mat enger Zort Virleefer vum Synthesizer, dem Trautonium vum Remi Gassmann an dem Oskar Sala geschafe gouf.

Cameo[änneren | Quelltext änneren]

Dem Alfred Hitchcock säi Cameo-Optrëtt ass um Enn vun der Zeen am Déierbuttek, wou e mat zwéi Muppen un der Lénkt ze gesinn ass, wéi en aus dem Buttek trëppelt.

D'Schoulhaus vu Bodega Bay.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Donald Spoto: The Art of Alfred Hitchcock. Hopkinson and Blake, New York 1976, ISBN 0-911974-21-0, S. 380–395.
  • Robert A. Harris, Michael S. Lasky, Joe Hembus (Hg.): Alfred Hitchcock und seine Filme. (Original: The Films of Alfred Hitchcock). Goldmann, München 1976, ISBN 3-442-10201-4.
  • Robin Wood: Hitchcock's Films. New York 1977.
  • Kyle B. Counts, Steve Rubin: The Making of Alfred Hitchcock’s The Birds. In: Cinefanstastique. Vol. 10, No. 2, Herbst 1980, Oak Park, Illinois, ISSN 0145-6032, S. 14–35 (Online-Versioun bei hitchcockwiki.com).
  • [Camille Paglia: Die Vögel. Der Filmklassiker von Alfred Hitchcock. (Original: The Birds). Europa Verlag, Hamburg/Wien 2000, ISBN 3-203-84107-X.
  • François Truffaut: Le cinéma selon Hitchcock (1966).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: The Birds (film) – Biller, Videoen oder Audiodateien