The Family of Man

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

The Family of Man ass eng Fotosausstellung, déi vun 1951 un vum US-amerikanesche Fotograf Edward Steichen, engem gebiertege Lëtzebuerger, zesummegestallt gi war. Der New York Times no symbiliséiert se the universality of human emotions. Si gouf 2003 an d'UNESCO-Gediechtnes vun der Welt opgeholl.

De 24. Januar 1955 ass am Museum of Modern Art (MoMA) zu New York eng Fotoaustellung, The Family of Man, opgaang. Aus iwwer 2 Millioune Fotoe waren fir d'éischt emol 10.000 Stéck erausgesicht ginn; aus deene goufen 503 Fotoen ausgewielt, vun 273 Fotografen aus 68 Länner.

Dat ass déi bedeitends Fotoaustellung vun allen Zäiten. No dem groussen Erfolleg am MoMA sinn d'Biller op Welttournée gaangen. Dofir waren e puer Kopië vun der Ausstellung gemaach ginn. Bis 1964 haten iwwer 9 Millioune Leit se gesinn.

E Saz vun der Ausstellung huet d'amerikanesch Regierung, op Demande vum Edward Steichen, 1966 dem Lëtzebuerger Staat vermaach, an dat, obwuel 1952 d'Lëtzebuerger Regierung en domatter brusquéiert hat, wi se refuséiert hat, datt d'Ausstellung zu Lëtzebuerg hir Welttournée sollt ufänken. Mee och jorelaang dono wosst kee richteg eppes dermadder unzefänken; se ass an d'Klierfer Schlass tëschent Krichskreemchen a Buergmaquettë gepaakt ginn. Eng Rëtsch Panneauen, fir déi keng Plaz war, sinn souguer op engem Späicher gelant, wou se Fiichtegkeet an extreme Wiederconditiounen ausgesat waren. Eréischt ufanks der 1990er Joren ass d'Ausstellung duerch den CNA fachkënneg restauréiert an an e wierdege Cader gesat ginn.

No enger kuerzer Tournée, ënnert anerem a Japan, gouf d'Ausstellung definitiv am Klierfer Schlass, an engem erweiderte Kader, an no hirem urspréngleche Lay-out, installéiert.

2003 gouf Family of Man an d'Memory of the World Register vun der UNESCO opgeholl.

Migrant Mother (1936), Dorothea Lange - Eng vun de Fotoen aus der Ausstellung

E puer vun de Fotografen, vun deenen e Wierk an der Ausstellung hänkt:

Inhaltsverzeechnes

Restauratioun [änneren]

Zënter dem September 2010 ass d'Ausstellung zou, an d'Fotoe ginn zu Diddeleng am CNA vun der italienescher Restauratorin Silvia Berselli an hirem Team restauréiert. D'Neierëffnung vun der kompletter Ausstellung ass fir de Summer 2013 geplangt.

Literatur [änneren]

  • Collectif d'auteurs, 1994. The Family of Man, Témoignages et documents, éditions artevents.
  • Krieps, Rosch, 1991. Das Erbe des 'Patriarchen der Fotografie'. In: Voilà Luxembourg Nr. 1.
  • Krieps, Rosch, 2005. Humanheit. The Family of Man richtig verstehen. Centre de Documentation sur les Migrations Humaines, Dudelange. (Dëst ass den drëtte Band vum Rosch Krieps senger "Steichen-Story". Mat Grondrësser vun der Original- an der Klierfer-Installatioun vun der Ausstellung.)
  • Sandeen, Eric J., 1995. Picturing an Exhibition: The Family of Man and 1950s America. University of New Mexico Press. 1st ed., ISBN 0826315585.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]