The Fellowship of the Ring

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

The Fellowship of the Ring ("D'Gesellschaft vum Rank") ass den éischten Deel vum Roman The Lord of the Rings ("Den Här vun de Réng") vum briteschen Auteur J. R. R. Tolkien.

Éischt Buch[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht fänkt am Fréijoer vum Joer 3001 vum 3. Alter un, wéi de Bilbo den Hobbit säin honnerteelefte Gebuertsdag zelebréiert. Ënner de Gäscht si säin Nëwwi an Ierwen, Frodo Baggins, an de Gandalf, den Zauberer. All déi aner Gäscht wäerten als en Ongléck ugesinn, datt de Bilbo während der Zeremonie verschwënnt. Tatsächlech hat en alles virbereet, sou exiléiert e sech aus der Grofschaft (sou heescht d'Land vun den Hobbiten) a léisst säi magesche Rank dem jonge Frodo, deen ënner d'Momperschaft vum Gandalf gestallt gëtt.

Siwwenzéng Joer duerno, wéi dem Sauron seng Agenten de Rank uechtert d'Land sichen, deckt de Gandalf sengem Protégé d'Geschicht vun senger Ierfschaft op. Hien erkläert, datt dem Bilbo säi magesche Schnickschnack tatsächlich den Eenzege Muechtrank ass, deen den Donkelen Här geschafen hat, fir d'fräi Vëlker ze versklaven. Dem Frodo säin dapere Frënd Samweis Gamegie lauschtert alles vun där Geschicht, a wéi de Frodo, gëtt an déi geféierlech Abenteuer matgeholl.

De Frodo, de Sam an zwéi weider Hobbiten, de Meriadoc Brandebock (Merry) an de Peregrin Tuuk (Pippin) entwëschen de Schwaarze Reider (Ondoudegen Déngschtgeeschter vum Sauron sengem Rank), iwwerstinn d'Gefore vun de Barrow Wights Gespenster, a kommen op Bree ënner.

An där Stad begéine se dem Aragorn, engem eriadorianesche Ranger, dee sech "Strider" nenne léisst. Hie schléisst sech un hir Grupp un, an hëlleft hinnen dobäi, e puer Mol de Schwaarze Reider z'entwëschen. Obschonn de Frodo blesséiert gëtt, komme se duerch, a fannen de Wee op Rivendell, d'Haus vum elbeschen Här Elrond.

Zweet Buch[änneren | Quelltext änneren]

D'Versammlung, déi sech beim Elrond ofhält, kënnt zur Conclusioun, datt de Rank muss zerstéiert ginn. De Frodo gëtt zum "Rankdréier" ernannt an d'Gesellschaft vum Rank gëtt gebilt. Den Zwerg Gimli, den Elb Legolas an de Gondorianer Boromir schléisse sech un d'Grupp un, als Vertrieder vun de leschte fräi gebliwwene Räicher. Den Aragorn, dee sech als de legitimen Ierwe vun den Héije Kinneke vun Arnor a Gondor opdeckt,schwiert, de Rankdréier ze beschützen. De Gandalf an d'véier Hobbite complétéieren d'Gesellschaft. Hiren Optrag ass ze sécheren, datt de Rank bis an d'donkelt Land Mordor ausgeféiert gëtt, wou d'volkanesch Zauberfeier vum Schicksalsbierg e kënne vernäischten. D'zuellaas Dénger vun hiren zwéin Haaptfeinden (Dem Donkelhär Sauron an dem verréidereschen Zauberer Saruman) patrolléieren an de Länner, wouriwwer se musse goen. Vu Rivendell aus, zitt d'Gesellschaft no dem Süden an op d'ural Westdir vum Moria. Weder d'Whargen, nach Schnéi, och nach e risenaartege Kraken halen hir Progressioun. D'Grupp dréckt sech an d'zwergesch Säll eran, déif ënner de Fiselbierger. D'Rankgesellen entwëschen op der Knif Orken an Hillechttrollen, déi se iwwerfallen. Si hunn awer de Gandalf verluer, deen an e buedemlaast Lach ofgesturtt ass, wéi e den abschléilege Balrog bekämpft a bal besigt hatt (Balroge si riseg a fierchtelech Muechtdemonen, déi hiren däischteren Urspronk am éischten Alter hunn). Den Aragorn gëtt zum Chef vun der Grupp, déi en aus dem Moria féiert an a Sécherheet an d'Bëscher vum elbesche Räich Lorien bréngt. Do fannen d'Geselle Rascht a Réit bäi der Kinnekin Galadriel an dem Kinnek Celeborn. D'Elbe ginn en Nährong, Ausrüstongsstécker an dräi séier Naachen. D'Boote transportéiere se no dem Süden of, op dem gewaltege Flos Anduin, bis un d'majestuös Rauros Waasserfäll. Iwwerdeems krécht de Gollum - d'gräisslecht Geschöpf, dat de Rank font a duerno verluer huet, an dat vum deem bestach gouf - ëmmer hanner hinen her. Wäit biergof ginn d'Gesellen nees vun Orken ugegraff, wat se dozu zwéngt, widder op d'Land z'goen. No engem schwéieren Iwwergank, wou se hir Kanoë mussen droen, fir d'Sarn Gebir Stroumsténg erëm z'goen, segele se widder bis un en Uwwer ganz iwwer den gewaletege Waasserfäll. Do berotschloe se iwwer de Wee, deem se sollte follegen. De Boromir gesäit vir, op Minas Tirith, d'Haaptstad vu Gondor, heem ze goen, fir sech virum Krich virzebereeden, dee geschwë kënnt. Hie root en, vereenegt ze bleiwen an net auseeneenzegoen. Dach briecht de Frodo léiwer de Rank direkt op de Schicksalsbierg. Vun der malefescher Muecht vum Rank verblennt, versicht de Boromir e mat Gewalt ze huelen. De Sam an de Frodo entwëschen an déi aner ginn auserneen. Den éischten Deel vun der Geschicht geet zu Enn mat enger zerbrachener Gesellschaft an enger hoffnongslaaser Lo

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Arda.Tengwar.png Middle-earth – All d'Artikelen zum Universum vum J. R. R. Tolkien.