The Flowers of Romance

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) The Flowers Of Romance)

The Flowers Of Romance ass den Numm vun zwou englesche Bandformatiounen, déi u sech näischt mateneen ze dinn hunn, ausser datt se allebéid am Punk Rock an am Neoromantismus unzesidele sinn, och wann een deelweis poppeg Elementer an hirer Musek fënnt. Déi éischt Formatioun huet vun 1976-1977 existéiert an déi zweet vun 1999 bis haut.

D'Band[änneren | Quelltext änneren]

Originalformatioun[änneren | Quelltext änneren]

Neiformatioun[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Band gouf am Original 1976 gegrënnt an hat ë. a. als Membere de Sid Vicious (spéider Sex Pistols), de Keith Levene (spéider The Clash an du Public Image Ltd.), d'Viv Albertine (spéider The Slits), d'Palmolive (spéider The Slits), d'Jo Faull (Frëndin vum Steve Jones vun de Sex Pistols) an d'Sarah Hall (Frëndin vum Paul Cook vun de Sex Pistols). Remarkabel si just d'Nimm vun de Membere vun der Band, déi méi spéit an anere Formatioune bekannt goufen. D'Band selwer huet nëmmen e puermol geprouft a sech fir de Rescht gestridden, et ass ni eng Plack oder en ëffentlechen Optrëtt dobäi erauskomm. Nodeems de Sid Vicious no an no déi ganz Originalformatioun erausgehäit hat, war et 1977 dann och schonn eriwwer mat deem Projet.

Public Image Ltd. hunn 1981 ee vun hiren Albumen no The Flowers Of Romance benannt.

1999 hunn den Tony Blackplait vu Vennaskond an den Anti Pathique mat weidere Museker eng nei Band ënner dem Numm The Flowers Of Romance gegrënnt, déi sech als Comeback vum Original gesäit, mä ausser dem Numm an dem Museksstil glat a guer kee Bezuch zur éischter Formatioun huet.

Sealand

Bis ewell si se duerch d'USA (New York) an Europa (Riga, Paräis, etc.) getourt an hu mat Sue Catwoman eng éischt CD verëffentlecht, an dat wéinst dem Image am Anarcho-Staat Sealand, enger international net unerkannter Mikronatioun op enger Plattform virun der englescher Küst.

Discographie (nëmmen TFoR II)[änneren | Quelltext änneren]

  • Sue Catwoman (2004, EP, MFM Records)
  • Sue Catwoman (2004, CD, The Flowers of Romance)
  • Paris (2006, CD, Līgo)
  • Pirates of Destiny (2007, DVD, Trubetsky Pictures)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]