The Nebula Dawn

Vu Wikipedia
The Nebula Dawn
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2006
Dauer 54 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Yves Steichen
Dréibuch Yves Steichen
Fotografie Michel Clemen
Musek various
Produzent Koler Movies Lëtzebuerg
Schauspiller
Claude Peiffer als Dr. Hagen
Dan Paulus als Daniel
Tania Mangen als Lena
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

The Nebula Dawn ass e Lëtzebuergesche Film vum Yves Steichen aus dem Joer 2006.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Gëtt et e Bewäis fir d'Existenz vu Geeschter?

Dëser Fro wëll de Professor Hagen (Claude Peiffer) zesumme mat sengen Assistenten Victor (Claude Hansen), Dan (Daniel Paulus) a Lena (Tania Mangen) an hire paranormale Fuerschungen nogoen.

Enges Daags fält hinnen duerch en anonymmen Tipp en onheemlecht, bis deen Dag onbekannt Videoband an d'Hänn, dat vläicht genee dee revolutionäre Bewäis fir d'Existenz vu Geeschter kéint liwweren. Fir erauszefannen ob d'Band echt ass, beschléissen déi véier eng Expeditioun ze starten, bei där si och d'Hëllef vun engem dubiose Geeschterbeschwierer, dem Mr. Montana (Pierre Heinen) an Usproch huelen.

Nëmmen, wien ass dee mysteriéise Montana, a wat huet e wierklech wëlles?

Wärend déi éischt Hallschent vun The Nebula Dawn sech mat de Recherchen iwwer d'Videoband beschäftegt, verwandelt sech de Film duerno an e fantasyméissegen Actionfilm mat enger apokalyptescher Menace…

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]