The O.C.

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Televisiounsserie

The OC poster.jpg

Daten
Originaltitel: The O.C.
Produktiounsland: USA
Éischt Folleg: 5. August 2003
Dauer: 44 Minutten
Originalsprooch: Englesch
Folgen: 73 (Stand 2006)
Equipe
Iddi: {{{IDEE}}}
Produzent: Bob DeLaurentis
Haaptacteuren Peter Gallagher
Kelly Rowan
Benjamin McKenzie
Mischa Barton
Adam Brody
Melinda Clarke
Rachel Bilson

The O.C. (de: O.C., California; fr: Newport Beach) ass eng Televisiounsserie aus den USA vum Josh Schwartz. Déi éischt Folleg ass de 5. August 2003 gelaf, ewell ass d'Serie bei hirer drëtter Staffel ukomm. O.C. steet fir de Bezierk Orange County am US-Bundesstaat Kalifornien.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Ëm wat geet et ?

De jonke Ryan Atwood (Benjamin McKenzie) lieft a schlechte Verhältnesser zu Chino; seng Mamm huet en Alkoholproblem an hire Frënd zéckt net d'Hand ze hiewen. Säi Brudder Trey (Bradley Stryker) an hie geroden an dësem Milieu séier op d'schif Bunn, a ginn erwëscht, wéi si en Auto wëlle klauen. Well den Trey schonn 18 ass, ass fir hien de Prisong virprogramméiert. De Ryan, 16 Joer al, fält an eng aner Droits-Kategorie. Säin Affekot, de Sandy Cohen (Peter Gallagher) mécht sech wierklech Suergen ëm hien, bezillt d'Kautioun, an hëlt hien als Iwwergank mat bei sech, bis eng aner Famill fonnt ginn ass. De Ryan kënnt an eng ganz nei Welt, Newport Beach, wou een Haus mindestens 20 Zëmmeren huet, a sech d'lokal Schickeria all Owes op enger Cocktailparty begéint. De Ryan wiisst der Famill Cohen un d'Häerz an de Sandy a seng Fra Kirsten (Kelly Rowan) decidéieren, Tuteur fir hien ze ginn.

Mee als Jong vu Chino ass et zu Newport Beach net ëmmer esou einfach.

[änneren] Haaptduersteller

  • De Peter Gallagher spillt de Sandy Cohen, en Affekot deen de Ryan bei sech ophëllt.
  • D'Kelly Rowan spillt d'Kirsten Cohen, d'Fra vum Sandy Cohen an d'Mamm vum Seth. Si schafft mat hirem Papp an der Immobiliebranche am eegene Familljebetrib.
  • De Benjamin McKenzie spillt de Ryan Atwood, en Aussenseiter vun Chino dee bei der Famill Cohen zu Newport Beach en neit Doheem fënnt.
  • Den Adam Brody spillt de Seth Cohen, dat eenzegt Kand vum Sandy a vum Kirsten. Hien ass e Comic-Fanatiker an net op de Mond gefall.
  • D'Mischa Barton spillt d'Marissa Cooper, d'Nopeschmeedchen, deem seng perfekt Welt lues awer sécher zesummebrécht.
  • D'Melinda Clarke spillt dem Marissa seng Mamm Julie Cooper, eng Fra déi keng Skrupel huet, weder am Geschäfts- nach am Privatliewen.
  • D'Rachel Bilson spillt d'Summer Roberts, dem Marissa seng beschte Frëndin.

[änneren] Gaaschtoptrëtter

[änneren] Gielercher

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen