The Vintage Gigolos

Vu Wikipedia
The Vintage Gigolos op der Fête de la Musique zu Nidderaanwen 2012
De Perkussionist vun de Vintage Gigolos

The Vintage Gigolos war vun 2006 bis 2015 eng lëtzebuergesch Rockgrupp.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Vintage Gigolos si vum Christian Schwartz an Daniel Jungers am Joer 2006 gegrënnt ginn. Nodeem se de Lou Metz, de Paul Thein an de Michel Guillaume iwwerzeegt krute fir bei hirem Projet matzemaachen, hu se hiren éischte Concert am Mee 2007 gespillt.

Am Mee 2010 hu se um Food For Your Senses-Festival gespillt. No enger Rei vun Optrëtter koum am Dezember 2010 hiren éischten Album The Day After eraus[1].

Am Januar 2011 ass hir Single The Day After bis op déi éischt Plaz an de lëtzebuergeschen Hitcharts komm[2]. Am Mee 2011 hu se nees um Food For Your Senses-Festival gespillt a beim Rock um Knuedler 2011 ware se den Opener op der Haaptbün.

2015 huet si opgehalen.

Bandmemberen[änneren | Quelltext änneren]

  • Christian Schwartz (Gittar, Hannergrondgesank)
  • Daniel Jungers (Gittar, Hannergrondgesang)
  • Jean-Lou Metz (Bass, Synthesizer, Hannergrondgesank)
  • Paul Thein (Batterie, Samples)
  • Michel Guillaume (Gesank, Akustesch Gittar)

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2010, The Day After (Album)
  • 2012, Up! (EP)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Release vum Album
  2. Wort.lu