Theia (Planéit)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Himmelskierper Theia. Fir d'Figur aus der griichescher Mythologie, kuckt wgl. Theia.
Kënschtleresch Duerstellung vun der Kollisioun tëscht der Äerd an dem Theia
Animatioun, déi d'Entstoe vum Mound duerch eng Kollisioun tëscht der Äerd an dem Theia als L4-Trojaner an hirer Relativbeweegung illustréiert. D'Theia beweegt sech wärend engem Sonnenëmlaf zäitweis méi lues an heiansdo méi séier wéi d'Äerd, wat schlussendlech zu enger steteger Unnäherung féiert. Siicht op den Nordpol.

Theia ass den inoffiziellen Numm vun engem hypothetesche Protoplanéit, deen no der Kollisiounstheorie vum Entstoe vum Mound virun ongeféier 4,5 Milliarde Jore mat der Protoäerd zesummegestouss ass. D'Theia selwer gouf bei der Kollisioun zerstéiert. D'Brochstécker, déi beim Impakt entstane sinn, hu sech an engem Orbit ronderëm d'Äerd gesammelt. Am weidere Verlaf huet sech doraus de Mound gebilt. No dëser Theorie war d'Theia ongeféier sou grouss wéi de Mars an huet sech no engem vun de Modeller als Trojaner am Lagrangepunkt L4 vum Äerd-Sonn-System gebilt, ier se mat der Äerd kollidéiert ass.[1]

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Theia fir den hypothetesche Planéit gouf fir d'éischt Kéier an enger Aarbecht aus dem Joer 2000 (A. N. Halliday) gebraucht a staamt aus der griichescher Mythologie. D'Theia war eng Titanin, déi d'Moundgëttin Selene op d'Welt bruecht huet. Den hypothetesche Planéit gëtt och heiansdo Orpheus genannt.

Entstehung[änneren | Quelltext änneren]

Aus engem Verglach vun den Isotoper am Äerd- an am Moundgesteng konnt ofgeleet ginn, datt de gréissten Deel vum Material, aus deem de Mound entstanen ass, aus dem Mantel vun der Protoäerd kënnt. D'Material vum Theia huet offensichtlech keng Verännerung vun der Isotopenzesummesetzung vun der Protoäerd bewierkt. Dësen Ëmstand erlaabt verschidden Interpretatiounen. Entweeder ass de Protoplanéit am selwechten Ofstand vun der Sonn entstane wéi d'Protoäerd a wéinst der gerénger Distanz zur Sonn huet sech de Protoplanéit zum gréissten Deel aus Silikater zesummegesat, oder d'Theia huet haaptsächlech aus Äis bestanen.[2]

D'Theorie, no där d'Theia am Lagrangepunkt L4 vum Äerd-Sonn-System entstanen ass, schwätzt fir dës Méiglechkeet. Neier Simulatiounen, déi d'chaotesch Effekter vun de Beweegungen am Ëmfeld vu Lagrangepunkte mat abezéien, weisen, datt ee Kierper, dee sech an L4 bilt, tatsächlech och déi néideg Geschwënnegkeet erreeche ka fir de Mound entsoen ze loossen.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Münker, C., Pfänder, J.A., Weyer, S., Büchl, A., Kleine, T., Mezger, K. Evolution of planetary cores and the Earth - Moon system from Nb/Ta systematics. In: Science 301/2003, S. 84–87, ISSN 1095-9203
  • Ulrich Wiechert et al: Oxygen Isotopes and the Moon-Forming Giant Impact. In: Science 294/2001, S. 345–348, ISSN 1095-9203
  • A. N. Halliday: Terrestrial accretion rates and the origin of the Moon. In: Earth and Planetary Science Letters 176/2000, S. 17–30, ISSN 0012-821X
  • K. Pahlevan und D. J. Stevenson: The Oxygen Isotope Similarity of the Earth and Moon: Source Region or Formation Process? In: Proceedings of the 36th Annual Lunar and Planetary Science Conference, March 14-18, 2005, in League City, Texas Nr. 2382/2005.
  • Robin M. Canup, Southwest Research Institut ("Icarus", Bd. 168, S. 433–456)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Big Splash – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 E. Belbruno und R. Gott III: Where did the moon come from? In: The Astronomical Journal 129/2005, S. 1724–1745, ISSN 0004-6256.
  2. Junjun Zhang, Nicolas Dauphas, Andrew M. Davis, Ingo Leya & Alexei Fedkin, The proto-Earth as a significant source of lunar material, Nature Geoscience 5, 251–255 (2012) doi:10.1038/ngeo1429