Theodor Brorsen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Theodor Brorsen
Gedenktafel am Schlass Žamberk

Den Theodor Johann Christian Ambders Brorsen, gebuer den 29. Juli 1819 zu Nordborg a gestuerwen den 31. Mäerz 1895 och do, war en däneschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Theodor Brorsen gouf zu Nordborg op der Insel Alsen (Nordschleswig) als Jong vum Kapitän Christian August Brorsen (17931840) a senger Fra Annette Margrethe Gerhardine Schumacher (17881855) gebuer. No der Scheedung vu sengen Elteren 1822 ass de Brorsen bei senger Mamm opgewues. Där hir gutt finanziell Verhältnesser hunn him erlaabt, nom éischten Unterricht duerch en Hausschoulmeeschter an d'Schoul vun der Brüdergemeine zu Christiansfeld (18261829) an duerno bis 1839 an d'Latäinschoul zu Flensburg ze goen. Op Wonsch vu senger Mamm hat de Brorsen ugefaangen e Jurastudium zu Kiel (1839), Berlin (1840), Heidelberg (1841) an nees erëm Kiel (1842) ze maachen, huet dunn awer opgehalen a vun 1844 Astronomie zu Kiel studéiert.

1846 huet de Brorsen am astronomeschen Observatoire zu Kiel geschafft an 1847 zu Altona. Du krut hien eng Plaz am Privatobservatoire vum Baron John Parish zu Senftenberg a Béimen. Nom Doud vum Baron Parish 1858 hu seng Ierwen den Observatoire ofrappe gelooss an d'Instrumenter verkaf. De Brorsen hat nach weider 12 Joer Observatioune mat sengen eegenen Instrumenter zu Senftenberg gemaach.

1870 koum hien nees zréck a seng Heemechtsstad Nordborg an Nordschlesien, déi zënter dem Däitsch-Dänesche Krich 1864 preisesch war an dann zënter 1871 (bis zu der Ofstëmmung 1920) zum Däitsche Räich gehéiert huet. Zu Nordborg huet hie sech 1874 niddergelooss, an do bis zu sengem Doud gewunnt. Do huet hie sech virun allem mat der Meteorologie beschäftegt (och Polarliichtobservatiounen) a mat der Botanik, besonnesch mat der Orchideenzuucht.

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

De Brorsen huet fënnef Koméiten entdeckt: 1846 III, 1846 VII, 1847 V, 1851 III an 1851 IV. Zwéin dovu sinn als periodesch Koméiten no him genannt: De Koméit 1846 III heescht Brorsen an de Koméit 1847 V heescht Brorsen-Metcalf (Metcalf no sengem Zréckentdecker 1919). Den éischte Koméit 5D/Brorsen (Ëmlafzäit 5,46 Joer) gouf no fënnef observéierten Ëmleef zënter 1879 net méi gesinn. Den zweeten no him genannte Koméit 23P/Brorsen-Metcalf (Ëmlaf 70,54 Joer, gouf 1847, 1919 an 1989) gesinn a gehéiert zu der Halley-Koméitefamill an ass fir 2059 nees z'erwaarden. Bei der Entdeckung vun engem weidere Koméit (1850 II) koum den US-amerikaneschen Astronom, William Cranch Bond zu Cambridge, de Brorsen ëm sechs Deg zevir. 1850 hat de Brorsen deen haut als „Flamen-Niwwel“ bekannten Niwwel bei Zeta Orionis, NGC 2024, nees zréckentdeckt, deen zwar virdrun – ouni dem Brorsen säi Wëssen – scho 1786 vum Wilhelm Herschel entdeckt a beschriwwe gouf. 1856 huet de Brorsen dunn de Kugelstärekoup am Stärebild Serpens entdeckt, deen als NGC 6539 katalogiséiert gouf.

1854 publizéiert de Brorsen déi éischt systematesch Ënnersich iwwer de sougenannte Géigeschäi vum Zodiakalliicht, an deenen hien och d'Phenomen schonn richteg erkläert huet. Dobäi hat de Brorsen och als éischte beschriwwen, datt d'Zodiakalliicht de ganzen Himmel ëmfaasst, well d'Zodiakalliicht an de Géigeschäi sinn duerch eng ënner gënschtege Bedéngunge schwaach siichtbar Liichtbréck verbonnen. Och Stärebedeckungen an d'Eegebeweegung vun de Fixstären huet hien interesséiert. Weider huet hie sech och mat de Perihele vu Koméiten- a Planéitebunne befaasst.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Fir seng éischt dräi Koméitenentdeckunge krut de Brorsen 1846 vum dänesche Kinnik Christian VIII. jee eng gëlle Koméitemedail.[1] De Brorsen gouf 1850 zum korrespondéierende Member vum naturhistoresche Veräi vu Senftenberg ernannt.

A sengem Duerf Nordborg ass haut eng Strooss (Th. Brorsens vej) mat sengem Numm. Den Asteroid 3979, deen den 8. November 1983 vum Antonín Mrkos entdeckt gouf, gouf op Virschlag vum Jana Tichá op Brorsen gedeeft.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sven Houmøller, Otto Kryck: Familien Brorsen fra Nordborg. Kopenhagen 1949, S. 25-28 (mit älterer Literatur).
  • Hertha Raben Petersen: Theodor Brorsen. Astronom. H. C. Lorenzen, Nordborg 1986, ISBN 87-88558-053.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Theodor Brorsen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]