Theodor von Oppolzer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Theodor Oppolzer

Den Theodor Egon Ritter von Oppolzer, gebuer de 26. Oktober 1841 zu Prag a gestuerwen de 26. Dezember 1886 zu Wien war en éisträicheschen Astronom vun däitschbéimescher Ofstamung. Weltwäit gouf hie virun allem bekannt duerch säi Canon der Finsternisse (1887).

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Theodor war de Jong vum Medeziner Johann von Oppolzer (18081871). Seng Mamm war d'Maria Pleischl, eng Duechter vum Chemiker Adolf Pleischl. Vu sengem néngte Liewensjoer u krut den Oppolzer privaten Unterrecht an 1859 krut en als „Externen“ d'Matura am Piaristengymnasium. Uschléissend huet hien op „dréngende Wonsch“ vu sengem Papp Medezin a senger Heemechtstad studéiert an huet dëse Studium 1865 mat enger Promotioun ofgeschloss.

Parallel dozou hat hien awer och Virliesungen iwwer Astronomie a Mathematik matgemaach. Op Grond vu senge Kenntnesser an der Astronomie gouf de von Oppolzer 1866 ouni entspriechend Promotioun an ouni Habilitatiounsschrëft an dësem Fach habilitéiert. Bis dohin hat hie scho bal 80 Aarbechten a sengem Spezialfach publizéiert. Am Gaart vu sengen Elteren hat hien och e leeschtungsstaarken Observatoire opriichte gelooss.

1865 gouf hien zu Baden mat der Coelestine Mautner von Markhof bestuet. Mat hir hat hie sechs Kanner, dorënner de spéideren Astronom Egon von Oppolzer.

1870 gouf de von Oppolzer zum a.o. Prof. vun der theoretescher Astronomie ernannt. Fënnef Joer méi spéit hat hien e Ruff op d'Universitéit Wien ugeholl, wou hien als o. Prof. fir Astronomie a Geodesie Ordinarius gouf. 1872 ass hien an d'Kommissioun vun der europäescher Gradmiessung beruff ginn an dat Joer duerno an de Komitee vum Gradmiessungsbüro.

Déi total Sonnendäischtert vun 1868 zu Aden hat de von Oppolzer berechent an observéiert, souwéi de Venustransit 1874 zu Iași a Rumänien, an d'Merkurduerchgäng 1868 an 1878 a sengem Privatobservatoire.

1879 gouf hie korrespondéierende Member vun der Bayereschen Akademie vun de Wëssenschaften an 1882 gouf hie vun der Akademie vun de Wëssenschaften zu Wien als wierkleche Member gewielt. Dräi Joer méi spéit gouf hien och uerdentleche Member bei der Leopoldina (Däitsch Akademie vun den Naturwëssenschaftler). 1885 konnt den Oppolzer säi Canon der Finsternisse virstellen, d'Berechnung vu ronn 8000 Sonnen- an iwwer 5000 Mounddäischterten tëscht 1208 v. Chr. an 2163 n. Chr.

Den Theodor Egon von Oppolzer ass fréizäiteg de 26. Dezember 1886 mat 45 Joer zu Wien gestuerwen. Hie läit an der Familljegrouft an den alen Arkaden op dem Wiener Zentralfriedhof begruewen. No him gouf den Asteroid (1492) Oppolzer an de Moundkrater Oppolzer genannt.

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie