Theologie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Theologie (v. griich.: θεολογία, vun θεός, theós - "de Gott" λόγος, lógos - d'Wuert, d'Schwätzen, d'Léier) ass wiertlech geholl d'Schwätze vu Gott bzw. d'Léier vu Gott, oder allgemeng d'Léier vu Glawenssystemer a Glawensdokumenter. Dacks ass mat deem Begrëff d'chrëschtlech Theologie gemengt.

D'Theologie versteet sech als wëssenschaftlech Ausernanersetzung mat de Grondlage vum Glawen. D'Theologie ass eng Metatheorie, d.h. eng Reflexioun, déi op enger Ebene stattfënnt, déi sech vun der Ebene vun der reliéiser Praxis bzw. vum konkrete Glawensvollzuch wesentlech ënnerscheet. Aus deem Grond muss een net gleeweg si fir awer Theolog ze sinn. Trotzdem bekenne sech déi meeschten Theologen zu enger konkreter Konfessioun. Wat fir d'Philosophie zoutrëfft, gëllt och fir d'Theologie: Et gëtt net déi Theologie.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Theologie – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen