Theophrast
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Theophrast, op Griichesch Θεόφραστος, gebuer ëm 372 v. Chr., a gestuerwen 287 v. Chr., war e griichesche Philosoph a Naturfuerscher. Hie war de Schüler vum Aristoteles a vum Platon. Nodeems den Aristoteles vun Athen fortgaange war, huet hien deem seng Philospheschoul iwwerholl.
Hien huet méi wéi 200 Schrëften iwwert d'Logik, d'Theologie, d'Meteorologie, d'Ethik, d'Zoologie, d'Politik an d'Musek verfaasst.
Hie war ausserdeem de Grënner vun der Botanik an huet déi éischt systematesch Ënnersichunge vun der Planzewelt gemaach. 550 Planzenaarten, vun der Atlantikküst iwwert de Mëttelmierraum bis an Indien, huet hie beschriwwen.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Theophrast – Biller, Videoen oder Audiodateien |