Thermalquell

Vu Wikipedia
D'Source Chomel zu Vichy

Eng Thermalquell ass eng hydrothermal[1] Quell, aus där Waasser erauskënnt, dat signifikant méi waarm ass wéi d'Grondwaasser ronderëm (Thermalwaaser).

De System vun enger Thermalquell besteet aus follgenden dräi Elementer[2]:

  1. eng Regioun déi d'Infiltratiounscouche vun der Quell alimentéiert;
  2. e luesen ënnerierdesche Laf deen et erlaabt datt d'Thermalwaasser sech am Kontakt mat dem Gestengs mat léisleche Mineraler opluet;
  3. de Quellaustrëtt, op Franséisch "griffon", dee meeschtens op natierlecher Weis aus engem Broch an der Äerdkuuscht besteet, mä och kënschtlech gebuert ka ginn, wéi dat heefeg bei den Thermalbieder de Fall ass, z. B. zu Munneref.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Thermalquellen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eng hydrothermal Léisung ass eng Waasserusammlung a Gestengsschichten, déi heefeg grouss Quantitéite vu Gasen a Mineraler huet.
  2. Lucius, M., 1923. La genèse des eaux thermo-minérales de Mondorf-les-Bains, avec deux planches annexes. Bull. Soc. Nat. luxemb. 33: 5-24 (cf. S. 6-7)