Thermidor

Vu Wikipedia

  Haaptartikel zu dësem Theema: Republikanesche Kalenner 

Den Thermidor war den eelefte Mount vum franséische republikanesche Kalenner.

Op e puer Deeg méi oder manner huet den Thermidor vum 19. Juli bis zum 17. August vum Gregorianesche Kalenner gedauert.

Ausserdeem huet den Thermidor ongeféier mat der Period iwwerenee gestëmmt, wou d'Sonn duerch d'Stärenzeeche vum Léiw vum tropeschen Déierekreeszeeche leeft.

Den Numm koum vun der Expressioun « de la chaleur tout à la fois solaire et terrestre qui embrase l'air de juillet en août », dëst waren d'Wierder déi de Fabre d'Églantine der Convention nationale den 3. Brumaire Joer II am Numm vun der « Commission chargée de la confection du calendrier » virgedroen huet.

Vum Numm vum Mount kënnt och den Ausdrock thermidorien hier, nom 9. Thermidor Joer II wou d'Robespierriste gestierzt goufen.

Deeg[änneren | Quelltext änneren]

Nimm vun den Deeg fir den Thermidor
  1re Décade 2e Décade 3e Décade
Primidi 1. Epeautre 11. Panis 21. Carline
Duodi 2. Bouillon blanc 12. Salicor Salicorne 22. Câprier
Tridi 3. Melon 13. Abricot 23. Lentille
Quartidi 4. Ivraie 14. Basilic 24. Aunée
Quintidi 5. Bélier 15. Brebis 25. Loutre
Agneau
Sextidi 6. Prêle 16. Guimauve 26. Myrthe
Septidi 7. Armoise 17. Lin 27. Colza
Octidi 8. Carthame 18. Amande 28. Lupin
Nonidi 9. Mûre 19. Genthiane 29. Coton
Decadi 10. Arrosoir 20. Écluse 30. Moulin
modern franséisch Nimm si kursiv geschriwwen - Virschléi vum Fabre d'Églantine, déi net akzeptéiert goufe, si kleng geschriwwen

Ëmrechnungstabell[änneren | Quelltext änneren]

Ëmrechnungstabell tëscht republikaneschem a gregorianeschem Kalenner
fir de Thermidor
Joer I Joer II Joer III Joer IV Joer V Joer VI Joer VII
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30
19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17
Juli 1793 1794 1795 1796 1797 1798 1799 August
Joer VIII Joer IX Joer X Joer XI Joer XII Joer XIII
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30
20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18
Juli 1800 1801 1802 1803 1804 1805 August
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.