Theseus

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Theseus (Θησευς) ass ee vun de berüümtsten Helden aus der griichescher Mythologie.

Den Theseus war den Held vun Athen an e legendäre Kinnek vun der Stad. Verschiddene Quellen no ass hien de Jong, entweeder vum Poseidon oder vum Kinnek vun Athen Aigaios an der Aithra.

Gebuert vun engem Held[änneren | Quelltext änneren]

Ee Mythos vum Theseus senger Gebuert erzielt, datt den Aigaios no zwee Bestietnesser ouni Kanner d'Orakel vun Delphi ëm Rot gefrot huet. Dem Orakel seng (wéi sou dacks onverständlech) Äntwert war "Du duerfs de Wäischlauch net opmaachen, bis du zu Athen bass". Den Aigaios huet de Sproch vum Orakel net verstanen, an huet sech op de Wee op Troizen bei de Kinnek Pittheas gemaach. Dee war fir seng Weisheet berüümt. De Pittheas huet dann och d'Orakel verstanen, mä hie wollt datt seng Duechter d'Kand op d'Welt brénge soll. Dofir huet hien dofir gesuergt, datt den Aigaios no engem gudden Iesse mat vill Wäin eng Nuecht mat senger Duechter Aithra verbréngt. Wéi den Aigaios moies nees erwächt, léisst hie seng Sandalen a säi Schwäert beim Meedchen, an huet e grousse Fiels doriwwergerullt. Als Erklärung sot hien, wann d'Aithra e Jong géif kréien, dee staark genuch wie fir de Fiels ewechzeréckelen, da soll en d'Sandalen undoen a sengem Papp säi Schwäert droen, an da soll hatt de Bouf op Athen schécken, wou hien e géif erkennen.
De Bouf sollt säi Papp allerdéngs heemlech sichen, ouni datt d'Pallantiden eppes géife matkréien an hien ëmbrénge géifen. D'Pallantide waren d'Cousinne vum Theseus, déi woussten, datt den Aigaios kee Jong hätt, a selwer op den Troun klamme wollten.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Theseus – Biller, Videoen oder Audiodateien