Thiofrid vun Iechternach

Vu Wikipedia
Den Thiofrid

Den Thiofrid (oder Theofried) vun Iechternach (lat. Thiofridus Epternacensis), gestuerwen 1110, war vun 1081 bis 1110 Abt vun der Benediktinerabtei Iechternach. Hien huet sech och en Numm als Auteur gemaach.

Et gëtt wéineg geséchert Informatiounen zu sengem Liewen.

Engem Abtskatalog aus dem 12. Jh. no huet den Abt Reginbert hie kuerz viru sengem Doud zu sengem Nofollger bestëmmt. Zwee Joer duerno, 1083, ass hien op Roum gereest, wou de Keeser Heinrich IV. him d'Abtei iwwerdroen huet. An deem Katalog heescht et, den Theofried hâtt d'Abtei 28 Joer geleet, an datt hien dichteg a wéi e "richtegen Isrealit" (ut versus Israhelita) gewiescht wier, andeems a weidergefouert hätt, wat säi Virgänger scho gemaach hat.

Hie konnt e puer Besëtzer vum Klouschter, déi em am 9. an 10. Joerhonnert ewechkoumen, nees zeréckgewannen. Dofir ass en z. B. 1101 op Léck bei den Heinrich IV. gereest, fir en dorëms ze bieden. Hien huet och probéiert, d'Rechter vum Kluoschter vis-à-vis vun de Vogten nees méi ze stäerken. Hie schreift an enger vu senge Schrëften, datt en zu Middelburg op der Insel Walcheren duerch säi Vermëttele verhënnert hätt, datt d'Leit sech do bekricht hätten.

Wéi den Thiofrid begruewe gouf, huet den Äerzbischof Bruno vun Tréier hie mat senger Presenz geéiert.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Thiofrid huet am Optrag vum Abt Nizo (Nithard) vu Mettlach tëscht 1072 an 1078 d Vita St. Liutwini geschriwwen. Tëscht 1098 oder 1102 bis 1104/05 huet hie säin Haaptwierk, Flores epytaphii sanctorum, verfaasst. Dat ass en Traktat iwwer d'Wiese vun de Reliquien, eng Zort Typologie, wat deemools eppes Neies war. D'Buch ass dem Äerzbischof Bruno vun Tréier dedicasséiert.

Ëm 1105 huet hien d'Vita S. Willibrordi geschriwwen. Et ass dëst eng Neifaassung vum Alkuin senger Vita vum Willibrord. Den Thiofried huet dem Alkulin säin Text zum Deel staark erweidert a probéiert, e stilistisch ze verbesseren.Den Text ass en Opus geminum a besteet aus engem Prosa- an enegem Versdeel.

Soss ass vum Thiofrid nach e Bréif un den Heinrich IV. aus dem Joer 1101 erhalen, an nach soss méi kleng Texter.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thiofridus Epternacensis. Opera selecta (Einf. von Michele Camillo Ferrari). München, 1997 Digitalisat
  • Michele Camillo Ferrari: Gold und Asche. Reliquie und Reliquiare als Medien in Thiofrid von Echternachs Flores epytaphii sanctorum. In: Reliquiare im Mittelalter. Berlin, 2005 S.61-74
  • Willibrord Lampen: Thiofrid von Echternach. Eine philologisch-historische Untersuchung. Breslau, 1920 Digitalisat

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]