Thomas Bidart

Vu Wikipedia
Thomas Bidart
Gestuerwen 1670

Den Thomas Bidart vun Dinant, gestuerwen 1670, war en Entreprener a Schmelzhär.

Hien huet an der Zäit vum Drëssegjärege Krich, ëm 1624 am Äischdall d'Simmerschmelz an d'Aansebuerger Schmelz baue gelooss, op enger gënschteg geleeëner Plaz, fir mat Hëllef vum Holz aus de Bëscher ronderëm an dem Waasser aus Bounäerz Goss ze gewannen an deen dann zu Waffen a Geschier ze verschaffen.[1]

1639 huet hie sech net wäit ewech vun der Schmelz en herrschaftlecht Haus baue gelooss, dat Maison des Forges genannt gouf, an d'Kärstéck vum spéidere Schlass Aansebuerg ass, dat haut nach do steet. Seng Famill krut 1671 d'Recht, sech Häre vun Aansebuerg ze nennen. Virdrun hat d'Raville Famill deen Titel.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Grand-Château d'Amsebourg - Plus de details sur l'histoire... op gcansembourg.eu.
  2. "Jardin du grand château d'Ansembourg", Service des Sites et Monuments Nationaux. (fr)