Thomas Bopp
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Thomas Bopp (1997)
Den Thomas J. Bopp, gebuer am Joer 1949 zu Denver, Colorado ass en US-amerikaneschen Amateurastronom.
No sengem High-School-Ofschloss 1967 an etleche Jore Militärdéngscht bei der US Air Force op de Philippinen an an Tucson studéiert de Bopp Wirtschaftswëssenschaften un der Youngstown State University. Zënter 1980 schafft hien als Manager an der Géigend vu Phoenix. Hien ass bestuet an huet eng Duechter.
Den 23. Juli 1995 entdeckt den Alan Hale an de Thomas Bopp onofhängeg vuneneen de Koméit Hale-Bopp.