Thomas Francis Kiely

Vu Wikipedia
Thomas Francis Kiely
Gebuer 25. August 1869
Gestuerwen 6. November 1951
Dublin
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Liichtathleet

Den Thomas Francis Kiely, gebuer de 25. August 1869, a gestuerwen de 6. November 1951 war een iresche Liichtathleet.

E gouf op den Olympesche Summerspiller vun 1904 zu St. Louis Olympiameeschter an enger Allround-Kompetitioun, ee Virleefer vum haitegen Zéngkampf. Well déi Compétitioun e puer Méint virun den eigentleche Spiller war, gouf hien deemools net als Olympiameeschter unerkannt. Hien ass och net fir Irland, mä fir England gestart.

Eréischt an de fofzeger Jore gouf de Kiely op Grond vun Nofuerschunge vun engem iresche Journalist nodréiglech als Olympiameeschter deklaréiert.


Olympesch Meeschteren am Zéngkampf

1904: Thomas Francis Kiely | 1912: Jim Thorpe & Karl Hugo Wieslander | 1920: Helge Løvland | 1924: Harold Osborn | 1928: Paavo Yrjölä | 1932: James Bausch | 1936: Glenn Morris | 1948: Robert Mathias | 1952: Robert Mathias | 1956: Milton Campbell | 1960: Rafer Johnson | 1964: Willi Holdorf | 1968: William Toomey | 1972: Nikolai Avilov | 1976: Bruce Jenner | 1980: Daley Thompson | 1984: Daley Thompson | 1988: Christian Schenk | 1992: Robert Změlík | 1996: Dan O'Brien | 2000: Erki Nool | 2004: Roman Šebrle | 2008: Bryan Clay