Thomas Gottschalk

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Thomas Gottschalk op der Festung Ehrenbreitstein am Joer 2005

Den Thomas Johannes Gottschalk, gebuer den 18. Mee 1950 zu Bamberg, ass en däitsche Radio- a Fernsehmoderator, Entertainer a Schauspiller, dee besonnesch als Moderator vu der TV-Emissioun Wetten, dass..? bekannt ass.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Biografie

[änneren] Jugend an Ausbildung

Den Thomas Gottschalk gouf als Fils vum Affekot Hans Gottschalk (* 1902 zu Oppeln/Oberschlesien; † 1964 zu Kulmbach) zu Bamberg gebuer. D'Famill war aus Oberschlesien geflücht an huet sech am fränkesche Kulmbach néiergelooss. De Gottschalk war Ministrant an der Kulmbacher Porkierch „Zu Unserer Lieben Frau“. Hien huet 1971 säin Abitur um humanistesche Markgraf-Georg-Friedrich-Gymnasium zu Kulmbach gemaach. Niewebäi war en nach als DJ an engem Kulmbacher Danzlokal beschäftegt an huet Nohëllefstonne ginn. Doriwwer raus huet en nach als Kanner- a Jugendbetreuer vun der kathoulescher Kierch geschafft. Eng Bourse vun der Däitscher Bëschofskonferenz huet him erlaabt, Germanistik a Geschicht zu München ze studéieren. Do ass hien der kathoulescher Studentenorganisatioun Tuiskonia bäigetratt. Méi spéit war de Gottschalk Member am Bundesvorstand vum Cartellverband. Hien huet d'Pressereferat vum gréissten europäeschen Akademikerverband geleet.

[änneren] Filmer (Auswiel)

[änneren] Um Spaweck

Commons: Thomas Gottschalk – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen