Thomas Pierrepoint

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Thomas Pierrepoint, gebuer 1870, a gestuerwen 1954 war e briteschen Henker. Hie stoung op der Home Office List, der offizieller Lëscht vun den Henker vun 1906 bis 1946

Den Thomas Pierrepoint, deen ongeféier 300 Mënschen higeriicht huet, war 27 Joer laang als Schaarfriichter aktiv. Hie war och an anere Länner beschäftegt wéi Irland, Zypern. Wéi d'Republik Irland am Joer 1923 onofhängeg vun England gouf, ass den Thomas Pierrepoint do offiziellen Henker ginn an hien huet tëscht 1923 an 1944 24 Leit am Mountjoy Prisong zu Dublin higeriicht.

Hie war de Monni vum Albert Pierrepoint an de Brudder vum Henry Pierrepoint , allebéid Henker fir d'britesch Kroun.

Ënner deenen, déi vum Thomas Pierrepoint gehaange goufen, waren de Frederick Seddon, d'Louie Calvert an d'Charlotte Bryant.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen