Thomm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land: | |||||
| Bundesland : | |||||
| Landkrees : | |||||
| Verbandsgemeng : | |||||
| Fläch : | 449 ha | ||||
| Awunner : | 1.071 (31. Dez. 2011) | ||||
| Koordinaten: | 49° 45′ N, 6° 48′ O49.7425416666676.8064277777778Koordinaten: 49° 44′ 33″ N, 6° 48′ 23″ O | ||||
Thomm ass eng däitsch Uertschaftsgemeng bei Tréier, a läit bei der Bundesstrooss 52 op halwer Streck tëschent Tréier an Hermeskeil.
Se gehéiert zu der Verbandsgemeng Ruwer am Landkrees Tréier-Saarburg am Bundesland Rheinland-Pfalz.
1.053 Awunner (Stand: 2004) liewen op enger Fläch vun 4,49 km². De Postcode vun Thomm ass: 54317.
Inhaltsverzeechnes |
Geographesches [änneren]
Thomm läit op enger Héicht vu 450 Meter iwwer NN.
Kuckeswäertes [änneren]
- Den Hinkelstein, e Menhir aus wäissem Quarz, deen 2 m aus dem Buedem eraussteet.[1]
- Den Thommer Hübel (Hübel = Hiwwel), e fréigeschichtlechen Tumulus, deen 2,50 m héich ass an en Duerchmiesser vu 25 m huet. Dëst Graf vun engem fréikelteschen Adelegen ass 1939 ausgegruewe ginn. D'Grafkummer war awer schonns zerstéiert an ausgeraibert ginn; e puer interessant Saache konnten trotzdem fonnt ginn, z. B. Reschter vun enger etruskescher Schniewelkan an Deeler vun zwéi Bronzekëmp (dt.: Bronzebecken).[2] Den Numm vun der Uertschaft léisst sech op dat laténgescht Wuert tumulus (Graf, Grafhiwwel) zréckféieren.[3]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Thomm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Touristinformation Ruwer: Hinkelstein bei Thomm (Menhir).
- ↑ Touristinformation Ruwer: Das Fürstengrab von Thomm.
- ↑ Cf. Anen, P., 1945. Luxemburgs Flurnamen und Flurgeschichte. Luxemburg, Sankt Paulus Druckerei, S. 65: "Tumulus, tumba und die Abwandlungen Thomm, Tomm, Thonn u. a. bezeichnen Grabstätten, vielfach aus der Frühgeschichte."