Thouars

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Thouars
center}}}
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Poitou-Charentes blason.svg Poitou-Charentes
Departement Blason département fr Deux-Sèvres.svg Deux-Sèvres
Arrondissement Bressuire
Kanton Thouars-1 an Thouars-2
Code Insee 79329
Postcode 79100
Koordinaten Gnome-globe.svg46° 58’ 33’’ N
     00° 12’ 51’’ W
Fläch Uertschaft  1 209 ha
Bevëlkerung Uertschaft  10 656 (1999)

Thouars ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement Deux-Sèvres an der Regioun Poitou-Charentes. Si gehéiert zum Pays Thouarsais.

Aner Stied am Ëmkrees sinn, Bressuire, Pathenay, Saumur a Loudun

Duerch d'Gemeng leeft den Thouet.

D'geologesch Formatioun Toarcium krut hiren Numm vun der Stad well den Alcide Dessalines d'Orbigny net wäit dovun ewech an de Steebréch vu Sainte-Verge déi Formatioun entdeckt an definéiert huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Thouars war eng gallo-réimesch Stad, déi vum Pipin de Kuerzen eruewert, an deelweis zerstéiert gouf. Duerno huet se bal de Fransousen a bal den Englänner gehéiert, bis se den 30. November 1372, am Verlaf vum Honnertjärege Krich vum Bertrand du Guesclin definitv u Frankräich ugeschloss gouf.

D'Buerggrofschaft Thouars gouf am 16. Joerhonnert zugonschte vun de La Trémoïlle, zum Duché-pairie ernannt.

An der Zäit Vun de Reliounskricher war et eng protastantesch Zitadell.

D'Stad huet sech haaptsächlech um Enn vum 19. Joerhonnert an um Ufank vum 20. Joerhonnert duerch den Afloss vun der Eisebunn vergréissert. Well doduerch vill Eisebunnerten do gewunnt hunn, hat se eng Zäit de Spëtznumm Cité cheminote.

De Wope vun Thouars, d'azur au franc quartier de gueules, semé de fleurs de lys d'or hat als Virbild dee vum Buerggrof Herbert II, d'or au franc quartier de gueules, semé de fleurs de lys d'azur. Firwat datt d'Emailer ëmgedréint goufen ass net bekannt.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Landwirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

E groussen Deel vun der Economie gëtt duerch d'Melouneproduktioun assuréiert. Déi zwéi gréisst Produzenten Rouge Gorge a Sol Dive bréngen eleng méi wéi 20% vun der nationaler Produktioun op de Maart.

Wäibau[änneren | Quelltext änneren]

Mat ronn 30 Wënzerbetriber, déi sech 750 ha Wéngerten deelen, ass d'Géigend ëm Thouars den eenzegen Eck am Departement Deux-Sèvres, deen d'AOCen Anjou a Saumur, zegutt huet.

Industrie[änneren | Quelltext änneren]

D'Industrie setzt sech Haaptsächlech ausPMEën zesummen.

D'Communauté de communes du Thouarsais bekëmmert sech ëm d'economesch Entwécklung a si geréiert eng zéng Parcs d'Activités.

Zu Thouars gëtt et ee Büro vun der Chambre de commerce et d'industrie des Deaux-Sèvres.

Tourissem[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Touristen gëtt et a Camping op dem Uwänner vum Floss Thouet, mat enger oppener Schwämm. Et gëtt och nach eng gedeckte Schwämm an der Stad.

Den Office de Pôle spillt d'Roll vum Syndicat d'initiative.

Justiz[änneren | Quelltext änneren]

Zu Thouars gëtt et en Aarbechtsgeriicht dat vum Ieweschte Geriicht vu Bressuire ofhänkt.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Persounen déi mat der Stad ze dinn hunn[änneren | Quelltext änneren]

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]