Three Stooges

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Three Stooges war eng US-amerikanesch Komikergrupp, déi besonnesch bekannt gouf wéinst hiren iwwer 200 Kuerzfilmer vun 1930 bis an d'60er-Joren.

Membere vun der Grupp an hir Biographien[änneren | Quelltext änneren]

Moe Howard[änneren | Quelltext änneren]

Richtegen Numm: Harry Moses Horwitz
Gebuer: 19. Juni, 1897
Gestuerwen: 4. Mee, 1975
Aktiv als Stooge: 1922, 1926, 1929-1971

Larry Fine[änneren | Quelltext änneren]

Richtegen Numm: Louis Feinberg
Gebuer: 5. Oktober, 1902
Gestuerwen: 24. Januar, 1975
Aktiv als Stooge: 1925-1926, 1929-1971
De Larry Fine ass zu Philadelphia am Pennsylvania gebuer. Seng Elteren, de Joseph Feinberg an d'Fanny Lieberman haten eng kleng Bijouterie mat Auerenatelier. De Larry hat zwéi Bridder, de Morris an dee jéngsten, de Phililip, dee scho fréi gestuerwen ass an eng Schwëster, d'Lila, déi spéider Léierin gouf.

Als Kand hat de Larry sech den Aarm mat Saier aus sengem Papp sengem Atelier verbrannt, an en huet missen eng Hauttransplantatioun gemaach kréien. Doropshin huet e geléiert Gei spillen; dat sollt seng Armmuskulatur stäerken. Spéider huet en och geboxt, fir e bësse Suen ze verdéngen.

Curly Howard[änneren | Quelltext änneren]

Richtegen Numm: Jerome Lester Horwitz
Gebuer: 22. Oktober, 1903
Gestuerwen: 18. Januar 18, 1952
Aktiv als Stooge: 1934-1946

Shemp Howard[änneren | Quelltext änneren]

Richtegen Numm: Samuel Horwitz
Gebuer: 4. Mäerz, 1895
Gestuerwen: 22. November, 1956
Aktiv als Stooge: 1922-1925, 1929-1932, 1947-1956

Joe Besser[änneren | Quelltext änneren]

Richtegen Numm: Joe Besser
Gebuer: 12. August 12, 1907
Gestuerwen: 1. Mäerz, 1988
Aktiv als Stooge: 1955-1958

Curly Joe DeRita[änneren | Quelltext änneren]

Richtegen Numm: Joseph Wardell
Gebuer: 12. Juli, 1909
Gestuerwen: 3. Juli, 1993
Aktiv als Stooge: 1958-1971

Wéi et zu de Stooges koum[änneren | Quelltext änneren]

Hir Kuerzfilmer[änneren | Quelltext änneren]

1930[änneren | Quelltext änneren]

  • Soup to Nuts, Fox, vum Benjamin Stoloff, Stooges: Moe Howard, Larry Fine, Shemp Howard

1933[änneren | Quelltext änneren]

  • Hollywood on Parade, Paramount, Stooges: Moe Howard, Larry Fine, Curly Howard
  • Nertsery Rhymes, MGM, Stooges: Moe Howard, Larry Fine, Curly Howard
  • Beer and Pretzels, MGM, vum Benjamin Stoloff, Stooges: Moe Howard, Larry Fine, Curly Howard
  • Plane Nuts, MGM, vum Jack Cummings, Stooges: Moe Howard, Larry Fine, Curly Howard

Hir laang Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Hir Cameo-Optrëtter[änneren | Quelltext änneren]

  • The Captain Hates the Sea, vum Lewis Milestone, Columbia, 1934. Stooges: Larry Fine, Curly Howard, Moe Howard. D'Stogges spille Museker, déi op engem Schëff d'Passagéier ameséieren.
  • Start Cheering, vum Albert Rogell, 1938. Stooges: Larry Fine, Curly Howard, Moe Howard. An dësem Musical spillen déi dräi Pompjeeën a Football-Spiller.
  • Time Out for Rhythm, vum Sidney Salkow, Columbia, 1941. Stooges: Larry Fine, Curly Howard, Moe Howard. Déi dräi spille Schauspiller op der Sich no Aarbecht.
  • My Sister Eileen, vum Alexander Hall, Columbia, 1942. Stooges: Larry Fine, Curly Howard, Moe Howard. Dräi Gemengenaarbechter hantéiere mat engem décken Hummer.
  • Rockin' in the Rockies, vum Vernon Keays, Columbia, 1945. Stooges: Larry Fine, Curly Howard, Moe Howard. Eng Musical-Comedy déi am Wëlle Weste spillt.
  • Swing Parade of 1946, vum Phil Karlson, Monogram, 1946. Stooges: Larry Fine, Curly Howard, Moe Howard. Dëst war de leschte laange Film fir den Jerome Howard a.k.a. "Curly" well am Mee huet hien a Schlag kritt. D'Gale Storm sollt mat dësem film lancéiert ginn.
  • Gold Raiders, vum Edward Bernds. United Artists, 1951. Stooges: Larry Fine, Moe Howard, Shemp Howard. En typesche B-Film, deen am Wëlle Weste spillt. Dëst war deen zweete film mam Shemp, no dem Soup To Nuts vun 1930.
  • It's a Mad, Mad, Mad, Mad World, vum Stanley Kramer, United Artists, 1963. Stooges: Curly Joe DeRita, Larry Fine, Moe Howard. De Kramer pakt iwwer 30 Komiker an dee Film, an deem d'Stooges en Optrëtt vu fënnef Sekonnen hunn.
  • 4 for Texas, vum Robert Aldrich, Warner Bros., 1963. Stooges: Curly Joe DeRita, Larry Fine, Moe Howard. En dräi Minutte Cameo-Optrëtt an engem Film mam Dean Martin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Three Stooges – Biller, Videoen oder Audiodateien