Théodore Lorent

Vu Wikipedia
Théodore Lorent
Gebuer Januar 1718
Réimech
Gestuerwen 21. Oktober 1786
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist


De Jean Théodore Balthasar Lorent (Joës[1] Theodor Balthasar Lorent), gebuer tëscht dem 1. an dem 8. Januar 1718 (warscheinlech de 4. Januar 1718)[2] zu Réimech, gestuerwen den 21. Oktober 1786 zu Iechternach,[3] war e lëtzebuergesche Jurist, deen Archivar vun der Iechternacher Abtei, an duerno Schultheiss (fr: écoutète,[4] de: Schultheiß) vun der Stad Iechternach war.[5]

Den Théodore Lorent war de Fils vum Jean-Pierre Lorent, dee vu 1711 bis 1733 Nottär zu Réimech war.[2] Nieft sengen anere Funktiounen huet den Théodore Lorent zu Iechternach och déi vun engem Nottär ausgeüübt; seng Nominatioun krut hien den 23. Januar 1764.[6]

An der Literatur heescht et, den Théodore Lorent wier och um Gebitt vun der Architektur an der Skulptur bewandert an e gudde Schräiner gewiescht,[7] an hien hätt eventuell d'Pläng vu sengem Haus an Éischtrich selwer gezeechent,[8] wann net souguer d'Haus selwer gebaut.[9]

D'Restauratioun vun der Igeler Sail[änneren | Quelltext änneren]

1765 huet de Lorent sech am Optrag vun de Stänn ëm d'Restauratioun vun der réimescher Sail vun Igel bekëmmert, an hien huet 1769 eng Dissertatioun iwwer dëst Monument publizéiert, déi als éischter pseudowëssenschaftlech[10] oder souguer als "fantaisiste"[11] ze betruechten ass.

Wärend Leit wéi de Geograph an Archeolog Abraham Ortelius (1527-1598), den Tréierer Jesuitt Christoph Brouwer (1559-1617) a säi Lëtzebuerger Uerdensbrudder Alexander Wiltheim (1604-1684) d'Igeler Sail als e Grafmonument vun de Sekundiner, Duchhändler zu Tréier am 3. Joerhonnert, interpretéiert hunn, huet de Lorent, grad wéi virdru schonn de Johannes Herold (1514-1567), d'Theorie vertratt, dat Monument wier bei Geleeënheet vun der Gebuert vum Gaius Caligula, réimesche Keeser vu 37 bis 41, opgeriicht ginn.[6] D'Argument heifir huet op der fréier ganz beléifter etymologescher Method baséiert, déi an dësem Fall den Numm vun der Uertschaft “Igel” vu “Caligula” (Cal-igula) ofgeleet huet.[12]

Schultheiss contra Abt[änneren | Quelltext änneren]

Well de Lorent als Schultheiss méi wéi eng Kéier de Bierger hir d'Parti géint d'Abtei gehalen huet, ass et ze Reiwereien tëscht him an dem Abt komm. Ee vun den Héichpunkte vum Konflikt war d'Diskussioun ëm d'Justizkräiz a säi Remplacement duerch e Buer, sou wéi dat dem Lorent an de Bierger virgeschwieft huet. Wéi dun den Abt Emmanuel Limpach am Joer 1785 den Iechternacher et verbueden huet, sech fir d'Fuesent ze verkleeden, ënner dem Virwand, dat wier net ubruecht, well et am Wanter schlëmm Iwwerschwemmungen an der Abteistad ginn hätt, an de Lorent als Schultheiss d'Verkleden erlaabt huet, ass d'Faass iwwergelaf. Den Abt Limpach huet de Lorent als Schultheiss ofgesat. De Lorent huet déi Decisioun kontestéiert, well senger Meenung no, den Abt zwar d'Recht hätt de Schultheiss z'ernennen, awer net en ofzesetzen. De Lorent ass d'Joer drop gestuerwen, mä seng Wittfra, eng gebuere Winckel, huet de Sträit ëm déi kontestéiert Ofsetzung weidergeféiert.[2],[13]

Den Historiker Alphonse Sprunck huet d'Hypothes opgestallt, den desabuséierte Chronogramm "SoLa MIserIa Caret CVRA et InVIDIa" (MLCCDVVIIIII)[14] iwwer dem Portal an der Mauer virum Lorent sengem Haus an Éischtrich, déi haut net méi existéiert, géif zwar d'Joer 1765 erginn, mä de Lorent hätt en eréischt méi spéit, no senger Humiliatioun duerch den Abt Limpach, do ubrénge gelooss.[15]

Rue Jean-Théodore-Lorent[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss, déi laanscht déi iewescht Säit vum Lorent sengem Haus geet an Éischtrich mat der Hooveleker Buurchmauer verbënnt, huet den Iechternacher Gemengerot rue Jean-Théodore-Lorent (L-6455) genannt.

Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Cajus Igula, ou l'empereur Cajus César Caligula, né à Igel le 31 août de l'an 764 de Rome ou IIme de J.C. Ere commune: Essai par forme de dissertation sur le sujet & l'époque du fameux monument, appellé communément La Tour d'Igel, situé à l'extrémité du Luxembourg au bord de la Moselle, entre les confluens de la Saare & de la Sure, avec les desseins de ses quatre faces en détail. Imprimerie des héritiers d'André Chevalier, Luxembourg 1769, 148 p.: planches.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • J.M., 1928. Johann Theodor Lorent aus Remich, Rechtsgelehrter und Archäolog, gest. 1786. Obermosel-Zeitung 1928, Nr. 116 (18. Mai), S. 1.[16]
  • Neyen, A., 1860. Biographie Luxembourgeoise. Tome 1. Luxembourg, P. Bruck, 480 S. (Lorent, Théodore: S. 316-320.)
  • Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Tome 3. Luxembourg. Additions complémentaires et rectificatives: S. XV
  • Spang, P., 1982. Theodor Lorent oder die Aufklärung in Echternach. In: Die Warte, Luxemburg, 35(1982), Nr. 32 (9. Dezember), S. 2.
  • Sprunck, A., 1939. Un mémoire de l'écoutète Théodore Lorent d'Echternach. In: Jonghémecht: Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum, Luxemburg, Jg. 13(1939), H. 5/6 (Mai - Juni), S. 114-119. [4]

Homonym[änneren | Quelltext änneren]

E gewëssene Jean Théodore Lorent gëtt an engem Dokument ernimmt, dat am Nationalarchiv ze fannen ass. Dee war Intendant vum Philippe-Charles, comte de Hunolstein, seigneur d'Ottange, Rumelange, Kayl, Tétange, Livange (1719-11.08.1790).[17]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Joës = Johannes
  2. 2,0 2,1 2,2 Spang 1982. Kuckt och: Geschichtliches aus Remich von 1708-1792, Teil III. In: De Buet (Stad Réimech) 2010, Nr. 6, S. 31. [1]
  3. Neyen 1876.
  4. Kuck: Écoutète
  5. Neyen 1860.
  6. 6,0 6,1 J.M. 1928.
  7. Müller, M.F.J., 1844. Historisch topographische Beiträge zur Kenntniß des Saur-Thales (sic) von Sure bis Wasserbillich. Trier, S. 54.
  8. Schmitt, M., 1970. Die Bautätigkeit der Abtei Echternach im 18. Jahrhundert (1728-1793). Luxembourg, S. 209.
  9. Vannérus, J. 1930. Pages d'histoire (de la ville d'Echternach). In: Cahiers luxembourgeois, 7 (1930), S. 37-38.
  10. Sprunck, A., 1951. La vie de Pierre-Alexandre-Cyprien Merjai: 1760-1822. Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 3, S. 29.
  11. Sprunck, A., 1947. François-Xavier de Feller, 1735-1802. Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 1, S. 205.
  12. Marianne Reuter, Beschreibung der Handschrift Cod.icon. 208, in: BSB-CodIcon Online. Elektronischer Katalog der Codices iconographici monacenses der Bayerischen Staatsbibliothek München (Wed Jul 20 12:00:52 CEST 2011). [2]
  13. Spang, P., 1983. Echternach: Geschichte einer Stadt. Luxembourg, RTL Edition, S. 64s.
  14. De Jean-Pierre Brimmeyr (Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. S. 234) huet dëse Sproch sou iwwersat: Das Elend allein entbehrt der Sorgen und des Neides, de Paul Spang (1982) formuléiert dat änlech: Nur das Elend kennt keine Sorge und keinen Neid. Am Touristeguide vun Iechternach aus dem Joer 1966 fënnt een dës Iwwersetzung, déi e bëssen en anere Sënn ergëtt: L'envie et la sollicitude se détournent de la misère. (Echternach. Guide officiel de la Petite Suisse Luxembourgeoise et de la Basse-Sûre. 17e édition. Société d'Embellissement et de Tourisme d'Echternach (éd.), Luxembourg, S. 63).
  15. Sprunck 1939, S. 119.
  16. ernimmt an: Jonghemecht, Zeitschrift für heimatliches Theater, Schrift und Volkstum, 2. Jhg., Nr. 7 (Juni 1928), S. 164. [3]
  17. Archives nationales Luxembourg. Cote: A-X-37-453/1. Titre: Philippe-Charles de Hunolstein déclare donner procuration à Jean Théodore Lorent. Description: Philippe-Charles, comte de Hunolstein, seigneur d'Ottange, Rumelange, Kayl, Tetange, Livange, etc, déclare donner procuration à Jean Théodore Lorent pour relever une part de la seigneurie de Rumelange. Période de création:12/03/1758. Lieu: Ottange.