Tiangong 1

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Tiangong 1
Raumschëff Shenzhou
Land China
Crew bis zu 3
Start 29. September 2011, 13:16 UTC
Startplaz Kosmodrom Jiuquan
Drorakéit Laange Marsch 2F
Status aktiv
Zeechnung vum Tiangong 1 (lénks) mat ugedocktem Shenzhou-Raumschëff (riets)

Den Tiangong 1 (chinesesch 天宫一号 fir "Himmlesche Palast 1") ass den Numm vun der éischter chinesescher Weltraumstatioun, déi am Kader vum Programm mat demselwechten vun der CNSA entwéckelt gouf. Tiangong 1 gëtt als Raumlaboratoire am Shenzhou-Programm benotzt an déngt der Erfuerschung vu Kopplungsmanöver a Laangzäitopenthalter vu Raumfuerer. De Start u Bord vun der Drorakéit Laange Marsch 2F war den 29. September 2011 um 13:16 Auer UTC.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Schonn Ufank vun den 1970er Joren entstongen a China konkret Pläng fir d'Schafe vun engem bemannten Ausseposten am Weltraum. No wirtschaftlechen a politesche Barrièren ass allerdéngs eréischt 1992 den Duerchbroch mat dem Projet 921 genannte Raumfaartprogramm gelongen. Nodeem an der éischter Projetsphas mëttlerweil d'Shenzhou-Raumschëff erfollegräich agefouert a siwe Missiounen realiséiert huet, gesäit déi zweet Projetsphas den Opbau vun enger Raumstatioun vir. D'Duerchféierung vun erfollegräiche Rendez-vousen- a Kopplungsmanöveren ass d'Viraussetzung fir sou ee Projet am Raum. Mam Dockingsystem deen um russeschen APAS baséiert huet China schonn eng entwécklungsfärdeg Undockvirriichtung.

Bis zu der Fäerdegstellung vun der leeschtungsstaarker Drorakéit Laange Marsch 5, deen d'Raumstatiounsmodulen vu méi wéi 20 Tonne Mass an den Orbit brénge soll, bitt de relativ klengen Tiangong-1-Modul en Undockpunkt fir Shenzhou-Raumschëffer, Solargeneratoren fir d'Versuergung mat elektrescher Energie an engem begrenzten drockbeopschlagtem Wunn- an Aarbechtsberäich fir Taikonauten als Viraussetzung fir d'Erfuerschung vu Laangzäitopenthalten am All. Am Tiangong-Programm sollen domat déi erfuerderlech Grondlagen fir de Bau an de Betrib vun enger Raumstatioun gesammelt ginn. Jee no Verlaf an Entwécklung vum Programm ass de Start vun op d'mannst zwéi weidere Tiangong-Raumlaboren virgesinn.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Tiangong 1 besteet aus zwou wiesentleche Komponenten, dat gréissert Orbitalmodul um Bug an d'Servicemodul mat deen klengen Duerchmiesser um Heck, gegliddert. De baussenzegen Opbau gläicht dem Raumlabor vun den éischten sowjeteschen Saljut-Raumstatiounen. D'Orbitalmodul huet en androgynt Kopplungsaggregat vergläichbar mam APAS-89-System fir Shenzhou-Zoubréngergefiehrter a bitt de Mannschaften e klimatiséierten a mat Liewenserhaltungssystemen ausgerüstent Wunn- an Aarbechtsberäich. Am net begobaren Servicemodul sinn zwou Solargeneratoren mat 17 m Spanwäit fir d'Energieversuergung, Dreifstofftanken an d'Dreifwierker fir Lageregelung ënnerbruecht. Déi maximal Notzungsdauer gëtt mat ronn zwee Joer uginn.

Aschränkend op d'Gréisst a Notzungsméiglechkeeten vum Modul wierkt sech déi gebrauchten Drorakéit Laange Marsch 2F aus, déi och als Dréier fir d'Shenzhou-Raumschëffer déngt. Den Duerchmiesser vun Tiangong 1 gëtt mat 2,8 m, d'Längt mat 9 m an d'Mass mat 8,4 Tonnen uginn, wat der maximaler Notzlaascht vun dëser Drorakéit entsprécht. D'Mass vun Tiangong 1 ass domat manner wéi d'Hallschent vun der Mass vun der éischter sowjetescher Statioun. Well doriwwer eraus e groussen Deel vun der Mass (ongeféier 3,5 Tonnen) op de Servicemodul entfalen, léisst sech de notzbare Raum (35 m³) an ongeféier mat der Gréisst vum russesche Modul Rasswet vun der Internationalen Raumstatioun (ISS) vergläichen.

Duerch den Asaz vun engem Servicemodul um Heck entfällt d'Méiglechkeet vum Gebrauch vun engem zweeten axialen Kopplungsadapter fir Zoubréngergefierter. Dofir erlaabt Tiangong 1 keng gläichzäiteg Kopplung vun zwou Shenzhou-Raumschëffer un der Statioun. D'Zesummentreffen vu Besatzungen oder d'Entlueden vun engem onbemannten Shenzhou-Transporter duerch eng Crew ass net méiglech.

Dës visuell Onzoulänglechkeeten sinn awer engem aneren Ëmstand ze verdanken. Raumgefierter mat Dimensiounen wéi den Tiangong-Typ sollen bei neie Raumstatiounen als Frachter mat enger Totalmass vun ongeféier 13 t agesat ginn. Eng dofir gebrauchten Drorakéit ass an der Entwécklung. Tiangong stellt domat e wichtegen Entwécklungsschrëtt a keng reng Tëscheléisung duer.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

De Start fir Tiangong 1 war den 29. September 2011 um 13:16 Auer UTC. No enger onbemannter Fluchphas fir Erprouwen vun der Fluch- a Steiereegeschaften déngt d'Raumlabor als Andockzil fir den onbemannten Transporter Shenzhou 8. No erfollegräicher Kopplung goufen Tester vun de Flucheegeschaften vum onbemannten Komplex virgeholl a ferngesteiert Manöver duerchgefouert.

De 16. Juni 2012 war dat bemannt Raumschëff Shenzhou 9 gestart. D'Besatzung hat no der erfollegräicher Kopplung zwéin Deeg duerno de Labor betrueden an a Betrib geholl.

Zil vun der Missioun war haaptsächlech Systemerprouwungen. Dozou zielen virun allem d'Liewenserhaltungssystem, Kommunikatiounstechnik iwwer geostationär Relaissatellitten, Gyroskoptechnik fir d'Positiounsregelung, Navigatiouns-, Rendez-vous- a Kopplungstechnik, souwéi d'Verhale vum gekoppelte System. Donieft stounge Fuerschungsaarbechten an der Schwéierlosegkeet souwéi Äerdobserbatiounen um Plang. Dozou soll Tiangong 1 ënner anerem mat der erfuerderlecher Ausrüstung fir Observatioun vun Äerdbiewen, Tsunamis a Vulkanaktivitéiten ausgerüst ginn. Méiglecherweis ginn och international Projete an Zesummenaarbecht mat der ESA duerchgefouert. Nom Ofdocken vun der Crew vun Shenzhou 9 ginn elech ugefaangen Experimenter an Aufgaben automatiséiert weidergefouert. Eng weider Crew fir Tiangong 1 ass den 11. Juni 2013 mat der Missioun Shenzhou 10 gestart

Modell vun Tiangong 2 (riets) mat ugedocktem Shenzhou-Raumschëff (lénks)

Am Fall vun engem Erfolleg sollen nom Enn vun der Asazdauer vun Tiangong 1 déi fir 20- resp. 40-deegeg Missiounen ausgeluechte Raumlaboren Tiangong 2 an Tiangong 3 als weider experimentell Raumstatiounen gestart ginn, ier mat dem Opbau vun enger gréisserer a modularer Raumstatioun ugefaange gëtt, déi fir 2020 geplangt ass.

Visualitéit[änneren | Quelltext änneren]

D'Raumstatioun Tiangong-1 kann vun der Äerd aus duerch hir Gréisst och mam bloussen A gesi ginn an huet eng visuell Magnitude vu bis zu –2,7 mag. Wéinst der klenger Inklinatioun vun 43° erreecht si bei eis nëmmen eng minimal Héicht iwwer dem Horizont.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tiangong 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien