Tierkei

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Türkiye Cumhuriyeti

Tierkesche Fändel

Tierkescht Emblem

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Tierkesch
Haaptstad: Ankara
Staatsform: Presidential Republik
 • President: Recep Tayyip Erdoğan
Fläch: 783 562 [1] km²
 • Dovu Waasser: 1,3 %
Bevëlkerung: 71 152 000 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 90,8/km²
Onofhängegkeet: vum Osmanesche Räich
29. Oktober 1923 (Deklaratioun vun der Republik)
Nationalfeierdag: 29. Oktober
Nationalhymn: İstiklâl Marşı
Lauschteren
Wärung: Tierkesch Lira
Internet TLD: .tr
Internationalen
Telefonsprefix
:
+90

D'Republik Tierkei (tierkesch: Türkiye Cumhuriyeti) ass e Staat an Eurasien. D'Land läit fir de gréissten Deel um asiatesche Kontinent, nëmmen eng 3 % vum Staatsgebitt gehéiere geographesch zu Europa. Déi modern Tierkei ass den Nofollgerstaat vum Osmanesche Räich a goung nom Éischte Weltkrich aus dësem ervir. D'Tierkei ass eng laizistesch Republik. De Laizismus geet op de Staatsgrënner Mustafa Kemal Atatürk zeréck. Den Atatürk hat wëlles d'Tierkei gesellschaftlech a politesch dem europäesche Virbild no ze reforméieren an ze moderniséieren.

Den 3. Oktober 2005 hunn déi offiziell Negociatiounen tëscht der Tierkei an der EU fir de Bäitrëtt zu der Unioun ugefaangen.

Ankara, no Istanbul déi zweetgréisst tierkesch Stad, ass d'Haaptstad vun der Republik.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Anatolien (Asia Minor), d'Landmass vun der haiteger Tierkei, war de Spillball vu villen Zivilisatiounen a Kinnekräicher an der Antiquitéit. D'Seljuk-Tierke waren déi éischt tierkesch Forcen déi am 11. Joerhonnert als Eruewerer koumen, an déi sech no an no d'Byzantinescht Räich mat senger griichescher Populatioun a Kultur averläift huet.

Fréi Besiidlung vun Anatolien[änneren | Quelltext änneren]

D'Zäit vum Osmanesche Räich[änneren | Quelltext änneren]

Opstig (13.-17. Joerhonnert)[änneren | Quelltext änneren]

Niddergank a Jongtierkentum[änneren | Quelltext änneren]

Éischte Weltkrich an de Genozid un den Armeenier an Aramäer[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Vëlkermuerd un den Armeenier.

Grënnung vun der tierkescher Republik duerch den Atatürk[änneren | Quelltext änneren]

Zäit no der Atatürk-Ära[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Bosporus Bréck zu Istanbul

Dee gréissten Deel vum tierkesche Staatsgebitt läit mat ongeféier 97 % um asiatesche Kontinent. Nëmmen 3 % vun der Gesamtfläch (23.623 km²) sinn um europäesche Kontinent. Den asiatesche Landesdeel gëtt als Anatolien bezeechent an den europäeschen Deel als Thrakien.

D'Tierkei huet aacht Nopeschlänner: Bulgarien am Nordwesten, Griicheland am Westen, Georgien am Nordosten, Armenien, Aserbaidjan an den Iran am Osten, den Irak a Syrien am Südosten. D'Land huet am Süde Küsten zum Mëttelmier an am Norden zum Schwaarze Mier.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Klima an der Tierkei kann als temperéiert bezeechent ginn, mat waarmen, dréchene Summeren a mat mëllen, naasse Wanteren. Bannen am Land sinn déi klimatesch Bedingungen awer dacks méi rau.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

D'Tierkei ass eng parlamentaresch Republik. De President gëtt vun der Nationalversammlung fir e Mandat vu 7 Joer gewielt. De President ernennt de Premierminister.

De legislative Pouvoir läit an den Hänn vu 550 Deputéierten, déi all 5 Joer frësch gewielt ginn. Zanter 1946 gëtt et e Méiparteiesystem. Am tierkesche Parteiesystem gouf a gëtt et vill Verännerungen, beispillsweis duerch Verbueder vu Parteien duerch d'Verfaassungsgeriicht, haaptsächlech vun islamistesche Parteien. Zurzäit gëtt et an der Tierkei 9 Parteien: DYP (konservativ), FP (islamistesch), HADEP (kurdesch Vollekspartei), MHP (nationalistesch), ÖDP (sozialistesch), ANAP (rietsliberal), CHP (lénksnationalistesch), DSP (lénksnationalistesch), AKP (gemiessegt islamistesch-konservativ). Aus deene leschte Walen ass d'AKP als stäerkste Kraaft ervirgaangen, mat 34,4 % vun de Stëmmen, wat hir awer nom tierkesche Walsystem 3/4 vun alle Parlamentssëtzer abruecht huet (fir Verfaassungsännerunge brauch een eng 3/4 Majoritéit).

D'Tierkei sicht als Memberstaat an d'Europäesch Unioun eranzekommen. Den 3. Oktober 2005 sinn d'Debate mat der Tierkei iwwer sou en EU-Bäitrëtt ugaangen, den 11. Dezember 2006 sinn awer 8 vu 35 Verhandlungsberäicher nees op Äis geluecht ginn, well d'Tierkei hiert Versprieche gebrach huet fir seng Häfen a Fluchhäfe fir Zypern opzemaachen. Formell ass den Ausgank vu sou Verhandlungen nach op, well Viraussetzung fir en EU-Bäitrëtt sinn d'Fortsetzung vun de just ugefaangene Reformen, eng radikal Verbesserung vun der Mënscherechtssituation, d'Agestoe vum Vëlkermuerd un den Armeenier an d'Ënnerschreiwe vun engem Ofkommes iwwer eng Zollunioun mat den 10 neien EU-Memberstaaten, dorënner och d'rout Duch Zypern.

Politesch Konflikter[änneren | Quelltext änneren]

Doudesstrof a Folterungen[änneren | Quelltext änneren]

Kurdekonflikt[änneren | Quelltext änneren]

Zypernkonflikt[änneren | Quelltext änneren]

Verwaltung[änneren | Quelltext änneren]

D'Regionalverwaltung ass an der Tierkei an 81 Provënzen ënnerdeelt, déi alleguer duerch e Gouverneur (Vali) verwalt ginn. Déi eenzel Provënze si weider an eenzel Bezierker a Gemengen ënnerdeelt. D'Bezierker gi vun engem Kaymakam geleet, dee vum Inneminister ernannt gëtt. D'Buergermeeschter an Duerfcheffe gi vum Vollek gewielt. D'Autonomie op den ënneschten Niveaue gëtt ënner anerem duerch d'Feele vun eegene Geldquellen ageschränkt.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

2002 huet d'Tierkei eng ganz grave ekonomesch Kris matgemaach. No enger Inflatioun vun ongeféier 50 % huet ee méi wéi eng Millioun tierkesch Liras misse gi fir een eenzegen Euro. Den 1. Januar 2005 huet dofir déi nei tierkesch Lira (Yeni Türk Lirası) agefouert misse ginn. D'Inflatioun ass op 9,8 % erofgaangen. D'Tierkei huet awer ëmmer nach Krämpes déi vill Schwaarzaarbecht an de Schwaarzhandel an de Grëff ze kréien. En anere Problem bleift den agraresch strukturéierten a manner entwéckelten Osten, wou ronn 40 % vun den Aarbechtskräfte gebonne sinn.

  • BIP: 409,7 Milliarden USD (dat ass knapps d'Hallschent vum BIP vu Mexiko)
  • BIP / Awunner: 6.094 USD (z. Verglach: Portugal läit bei 17.900 USD a Polen bei 12.000 USD)
  • Recherche an Developpement, a Prozent vum BIP: 0,64 %

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der Republikgrënnung am Joer 1923 ass d'Bevëlkerung vun der Tierkei séier gewuess. 1927 hunn an der Tierkei knapps 14 Millioune Mënsche gelieft, 2003 waren et der scho 70 Milliounen.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Stroossen an der Tierkei hunn eng Längt vun am Ganze 413.724 km. Dovu sinn 62.000 km Landstroossen, 350.000 km sougenannt Duerfstroossen an 1.800 km Autobunn.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Militär[änneren | Quelltext änneren]

D'Tierkei huet déi drëttgréisst Arméi vun der Welt. De Militärbudget louch 2003 bei 12,1 Mrd. USD, dozou kommen nach Opwendungen, déi net am Budget ugi ginn. Dat sinn domat méi wéi 5 % vum Bruttosozialprodukt.

2001 gouf et beim tierkesche Militär 514.850 Zaldoten. Dovu sinn 391.000 Zaldote Wierflichteger. Dozou kommen nach 180.000 Mann vun der Gendarmerie. D'Zuel vun de Reservisten an de Land-, Loft- a Séisträitkräfte bedréit 378.700 Zaldoten.

D'Landsträitkräften hu 402.000 Mann ënner de Waffen a si mat 4.206 Tanksen, 4.859 gepanzerte Gefierer, iwwer 2.000 Artillerie-Geschëtzer, 40 Kampfhelikopter a 422 Helikopter ausstafféiert.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell: UNO 2004
  2. Bevëlkerungszuel fir 2004, Quell: UNO 2004
    Bei der leschter Vollekszielung, den 22. Oktober 2000 goufen 67 803 927 Leit gezielt. [1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tierkei – Biller, Videoen oder Audiodateien