Timber

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dee leegendärsten Timber: d'Blo Mauritius

En Timber oder Käppchen ass e klengt Stéck Pabeier, dat op der Récksäit, wann een et fiicht mécht, pecheg ass (oder vum selwe pecht), mat virdrop enger opgedréckter Illustratioun an engem bestëmmte Wäert. Andeems een en Timber op eng Postsendung (e Bréif oder e Pak z. B.) pecht, gëtt domat ugewisen, datt den Ofsender de Porto fir den Transport bezuelt huet, an en sou vun enger Postentreprise bei hiren Empfänger bruecht ka ginn.

Ier et Timbere gouf, huet den Empfänger misse bezuele fir säi Bréif ze kréien. Dëst huet zu Problemer gefouert, wann den Adressat de Bréif net wollt unhuelen, oder z. B. geplënnert an net ze fanne war. De Schott James Chalmers (1782-1853) war den Erfinder vum Timber dee vum selwe pecht. Den Englänner Rowland Hill huet 1837 de System entworf, no deem deen, deen e Bréif verschéckt, an net deen, un deen en adresséiert ass, de Porto fir den Transport misst bezuelen. Fir ze beweisen, datt de Porto bezuelt war, huet ee missen en Timber um Postbüro kafen, an deen op de Bréif pechen. Fir datt een den Timber nëmmen ee Mol gebrauche konnt, ass e vun der Post entwäert, d. h. mat engem Stempel markéiert ginn.

Den éischten Timber vun der Welt[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi vum Rowland Hill gouf gouf per Gesetz a Groussbritannien ëmgesat. De 6. Mee 1840 ass dunn deen alleréischten Timber, de sougenannte Penny Black, op ee Bréif gepecht ginn. Dësen éischten Timber weist e Portrait vun der Kinnigin Victoria, an d'Wierder POSTAGE a ONE PENNY, den Tarif. Et gouf kee Land uginn, well dovun ausgaange gouf, datt all Mënsch d'Kinnigin Victoria kenne giff. Groussbritannien huet bis haut just e Portrait vum Staatschef amplaz vum Numm vum Land.

Déi éischt Timberen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Käppercher zu Lëtzebuerg koumen de 15. September 1852 eraus. Drop ze gesi war de Groussherzog Wëllem III..

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Frising, André Link: 150 Joer Käppercher : Luxemburgs Briefmarken, Bd. 1: 1852 - 1865, Bd. 2: 1966 - 2002, 2001/02, Ed. Saint-Paul

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Timberen – Biller, Videoen oder Audiodateien